Radioen

On air

Moiesstudio  |  Quantic - Unconditional Feat. Rationale

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Luzac: De Fokus um Songwriting

Countdown fir Basel: Wie sinn d'LSC-Finalisten?

Luzac: De Fokus um Songwriting

An eiser Serie, wou mir Iech déi verschidde Finaliste vum Luxembourg Song Contest virstellen, ass et det ass et um leschte Finalist: De 27 Jähregen Luzac. Och hien huet als Zil, Lëtzebuerg d’nächst Joer op der grousser Bühn vun der Eurovisioun ze vertrieden.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: radio 100,7

De Luzac huet scho fréi ugefaange mat Musek maachen. Scho vu klengem u spillt hie Gei. Hie schafft eigentlech vollzäit als Educateur an engem Jugendhaus, an deen Job mécht hien och immens gären, wéi hien am 100,7-Interview verroden huet. An awer wëll hie sech laangfristeg voll a ganz op d’Musek konzentréieren.

Sech selwer beschreift hien als eng Aart  Chameleon, well hie sech gären och un nei Musek-Stiler upasst an Neies ausprobéiert.

Am Song-Writing-Camp mam Edsun

Interessanterweis huet de Luzac sech bei eis am Interview net als dee beschte Sänger beschriwwen, mee éischter als ee gudde Songwriter. Mee a sengen Ae geet et bei der Eurovisioun och net onbedéngt drëms, wien am beschte séngt, mee et géif vill méi ëm dee ganze Package goen, deen ee matbrénge muss.

“Ech géif elo zum Beispill net bei The Voice matmaachen oder esou. Dat seet mir näischt. Do geet et wierklech just ëm d'Stëmm an ech hunn nach net 100 Prozent vu menger Capacitéit erreecht. An dofir fillen ech mech nach net legitim, fir bei esou Sendunge matzemaachen. Mee fir d'Eurovision schonn, well et am Fong ëm dat bescht Lidd geet. D'Stëmm zielt och, mee wat awer meeschtens gekuckt gëtt, ass d’Lidd.”

De Song, mat deem de Luzac et elo bis an d’Finall gepackt huet, gouf an engem Song-Writing-Camp zesumme mam Edsun geschriwwen. Deen ass jo schonn een etabléierte Kënschtler hei zu Lëtzebuerg a war och bei der leschter Editioun vum LSC dobäi. 

De Luzac huet sech och schonn eng relativ grouss Communautéit op soziale Medien opgebaut an och schonn eng Partie eege Lidder erausbruecht. Eent dovun ass “Ma bien aimée”.

100,7-Freundebuch

An de Luzac huet sech, wéi all déi aner Finalisten och eiser klenger Challenge gestallt a follgend 4 Sätz um Mikro vum Sophie Schroeder beäntwert.

Den LSC bedeit fir mech ...

LSC bedeit fir mech multikulturell an einfach dat bescht Lidd erauszesichen.

Mat Lëtzebuerg verbannen ech ...

Ganz vill talentéiert Kënschtler. A mäi Land, wou ech gebuer sinn, Lëtzebuerg, huet mir immens vill gehollef bis elo. Hei lieft ee gutt, fannen ech. Ech fille mech ganz sécher hei. An och, zemools fir d'Kënschtler, si kréien och vill Opportunitéit. Ech fanne Lëtzebuerg mécht ganz vill fir d’Kultur."

Mäi Song fir den ESC zeechent sech aus duerch ...

Vill Energie, Aggressivitéit an och Polyvalenz.

Mäi LiblingsEurovisiounslidd ass ...

Alexander Rybak - "Fairytale". Well ech Gei gespillt hunn. An ech hunn dat mega fonnt, datt hien eng Show mat enger Gei gemaach huet an einfach déi zwee verbonnen huet mam Sangen. Hien huet dat mega gemaach. An ech hat en plus direkt säin Album kaaft. Fir mech war et dat Lidd, dat mir am meeschte gefall huet.

Lauschterenplay_arrow