400 Millioune Barrel ginn aus de strategesche Reserve geholl, fir d’Marchéen ze berouegen.
Equivalent vun 20 Deeg Pëtrols-Exporter aus Hormus-Passage
Den Hormus-Passage ass jo den Ament blockéiert. Hei géing een awer mat den internationale Partner no Léisunge siche fir nees Schëffer passéieren ze loossen, den Ament wier d’Situatioun awer nach ze geféierlech fir ze intervenéieren, esou de Macron.
De President huet och säin US-amerikaneschen Homolog opgefuerdert seng Ziler an den Tempo vun den Operatioune kloer ze definéieren.
Konsens beim Theema Russland
Trotz dem aktuelle Mangel géing et ausser Fro stoen, elo nees Gas a Pëtrol aus Russland ze kafen. All Land sollt säin Deel leeschten, fir dës Kris gemeinsam ze meeschteren, esou de Macron, deen a Frankräich eng kloer Linn wëllt.
D’Präisser sollen esou lues wéi méiglech klammen, an esou séier wéi méiglech nees falen.
Reduzéierung vun der TVA wier populistesch an onnëtz
Dem Macron säi Premier, de Sébastien Lecornu koum gëschter mat senge Ministeren a mat de Parteicheffen zesumme fir iwwer déi aktuell Kris ze diskutéieren. D’Regierung soll elo Mesuren ausschaffen, fir d’Konsumenten ze schützen.
Zum Beispill d'Plafonéiere vun de Margen op de Sprit oder Mesurë fir Haussë besser ofzefiederen. Eng Reduzéierung vun der TVA, wéi se den RN proposéiert, soll de Premier awer als populistesch an onnëtz Propositioun refuséiert hunn.