search

/ Macron wëll Social Media Verbuet bis 15 Joer nach viru Schoulrentrée aféieren

Frankräich

|
reading time

1 min

Macron wëll Social Media Verbuet bis 15 Joer nach viru Schoulrentrée aféieren

A Frankräich ass et déi nächst Etapp fir de geplangte Verbuet vun de soziale Medie fir Kanner a Jugendlecher ënnert 15 Joer. De Senat befaasst sech elo mam Gesetzprojet, deen an der Assemblée Nationale schon ugeholl gouf.

reading time

1 min

© picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber
(Foto: picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber)

De Senat huet eng Partie Ännerunge proposéiert. Et ass dofir net kloer, wéi laang et dauere kéint, bis d‘Gesetz gréng Luucht vum Senat kritt an a Kraaft triede kann. Dem President Emmanuel Macron säin deklaréiert Zil ass et, de Verbuet scho fir déi nächst Schoulrentrée  anzeféieren.