arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Nuetszuch vu London a Schottland

Méi klimafrëndlech reesen

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Mam Nuetszuch vu London a Schottland

Ëmmer méi Leit wëlle klimabewosst reesen, mee bei groussen Distanzen ass dat net onbedéngt einfach. Den Nuetszuch ass do eng flott Léisung: Et reest ee wärend ee schléift, an d’Emissioune bleiwen niddreg. Mee wéi komfortabel ass sou eng Rees, a wat sinn d’Käschten?

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
De Nuetszuch "Caledonian Sleeper" | © Claire Barthelemy
De Nuetszuch "Caledonian Sleeper" (Foto: Claire Barthelemy)

D'Zuchstatioun vun Euston zu London ass géint 23 Auer owes e gutt Stéck méi roueg wéi am Dag, de Boarding fir de Caledonian Sleeper ass eng entspaanten Affär. Dësen Zuch fiert vu London a verschidde Stied a Schottland. Ronn 12 Stonne brauch e bis an d’schottesch Highlands. D’Kabinne si gemittlech an et kann een en Zëmmer mat Duebelbett oder eng Fammilljekabinn buchen, déi allenzwee och e privat Buedzëmmer hunn. Am Classic Room ass een Etagebett fir zwou Persounen an och ee Lavabo. 

All Passagéier kritt Ouerestëpp an eng Amask fir ze schlofen, an op de Better leien handgemaache Luxus-Matrassen aus Schottland. D'Viraussetzunge fir gudde Schlof si gesat, jiddefalls soulaang den Zuch nach steet. Op et och eng gemittlech Nuecht gëtt?

Den Zuch: Eng gemittlech Aart a Weis fir ze reesen

De Charme vum Slow Travel, also vum luese Reesen, ass net ze verkennen. Amplaz sech am Auto op den Trafic mussen ze konzentréieren, kann ee liesen, Musek lauschteren, oder einfach just aus dem Fënster kucken. Plaz gëtt et genuch, an et kann een zu all Moment an de Restaurants-Waggon eng Taass Kaffi drénke goen. Alles dat gëtt et am Fliger net.

Präisser vun de Fligeren net ze klappen

Leider ass der Fliger allerdéngs meeschtens vill méi bëlleg. Wei ënnerschiddlech dës Käschte fir d'Konsumente sinn, dat huet ee rezente Rapport vu Greenpeace gewisen. Vun 109 Strecken tëschent 31 europäesche Länner war den Zuch meeschtens méi deier wéi de Fliger. Am deierste gëtt et, wa brittesch Stied den Depart oder d'Arrivée ausmaachen. Eng Zuchrees tëschent Barcelona a London zum Beispill ka bis zu 26 Mol méi deier si wéi ee Fluch mat enger Budgets-Fluchgesellschaft.

Klimabewosst Passagéier mussen also méi déif an de Portmonni gräifen. An dat läit och un der ënnerschiddlecher Besteierung. An Europa ass zum Beispill keng TVA op internationale Flich, wärend Bus an Zuch Ticketen a ville Memberlänner weider besteiert sinn. Dëst wier ongerecht an et wier och en Hindernis fir d'Entwécklung vun engem méi ausgebauten europäeschen Netz fir Nuetszich, esou d'Allianz pro Schiene, eng däitsch Interessevertriedung.

Aktiviste setze sech fir en Ausbau vum Schinnenetz an

Et gi verschidden Aktivistegruppen an Europa déi sech eebe fir dësen Ausbau asetzen. D’Organisatioun Back on Track fuerdert, datt d’EU een Europäescht Zuchnetzwierk op d'Bee stellt. Dëst géing fir eng besser Koordinatioun suergen a reglementaresch Barrièrë reduzéieren.

Fir op hir Fuerderungen opmierksam ze maachen hat d’Organisatioun am November op verschiddene Zuchstatiounen an Europa eng transeuropäesch Silent Disco Pyjama Party gehal.

"Wat kéint besser sinn, wéi komfortabel duerch d’Nuecht ze reesen, vun enger Stad an déi nächst, an dobäi 28 Mol manner Zäregasen ze produzéiere wéi beim Fléien?”", esou de President vu Back-on-Track Germany.

Trotz Geruckels eng flott Aventure

Mee wéi schléift et sech da lo iwwerhaapt an engem Night Train? Am Caledonian Sleeper sinn d’Kabinnen immens bequeem, propper, an de Service ass ganz frëndlech.

Mee dës Linn, déi England a Schottland ewell zënter 150 Joer matenee verbënnt, ass bekannt als ee vun deene méi ruckelzegen Nuetszich. D'Ourestëpp ware jiddefalls och néideg, well zemools am ënneschten Etagebett ass de Kaméidi vum Zuch zimmlech haart.

D'Rees ass trotzdeem eng flott Aventure an et spuert ee sech d'Käschte vun engem Hotelszëmmer. An d'Vue moies vum schottesche Sonnenopgank, déi ass eemoleg.

play_arrow Lauschteren