arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mam Wierk "Angstvoll und leicht sehnsüchtig" kréie véier Laureaten de Literaturpräis

Literatur

|
reading time

2 min

Mam Wierk "Angstvoll und leicht sehnsüchtig" kréie véier Laureaten de Literaturpräis

Net just een, mee direkt véier Laureaten an der Kategorie Literatur kréien de Lëtzebuerger Buchpräis 2026. D’Emma Braslavsky, de Luc François, d’Anja Kümmel an de Benjamin von Wyl stiechen hanner de véier Erzielungen, déi am Wierk "Angstvoll und leicht sehnsüchtig" bei Hydre Editions erauskomm sinn.

reading time

2 min

© Hydre editions
(Foto: Hydre editions)

Eng literaresch Ausernanersetzung mat der Zukunft vu Lëtzebuerg war den Optrag un déi véier Auteuren an Autorinnen aus der Schwäiz, aus Däitschland an aus Lëtzebuerg am Genre vun der spekulativer Fiktioun, respektiv Science-fiction.

Präis fir Sachbuch: "Temps de Trajet" 

De Präis fir dat bescht Sachbuch geet un d’Jessica Lopes an de Charl Vinz fir hier Graphic Novel “Temps de Trajet”, déi bei Point Nemo Publishing publizéiert ass. Eng soziologesch Enquête iwwer den Trajet, deen d‘Frontalieren all Dag maache fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen. Dëst Buch ass och mam Designer-Präis ausgezeechent ginn.

© Point Nemo Publishing
(Foto: Point Nemo Publishing)

Bescht Kannerbuch: "Betty" 

Dem Roland Meyer säi Buch “Betty” ass an der Kategorie Kanner- a Jugendliteratur ausgezeechent ginn. D’Geschicht erzielt vun der Bluma an hirer Enkelin Betty , enger jüddescher Famill ze Lëtzebuerg wärend dem zweete Weltkrich. Dëst Buch, dat sech u jonk Lieserinnen a Lieser adresséiert ass eng Publikatioun vum Zentrum fir politesch Bildung an Editions Guy Binsfeld.

Publikumsvott: "Allerhand ! Frosch und Fant - Wie alles begann"

De Jury huet och e Coup de coeur verginn, an dee geet un e weidert Kannerbuch: “Allerhand ! Frosch und Fant - Wie alles begann” vum Bernd Marcel Gonner mat Illustratioune vum Thill Charlier, eng Publikatioun vun der FGIL.

D'Präisser ginn um Donneschdegowend am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren iwwerreescht. Um Freideg an der Emissioun Kulturen um 13:00 Auer ginn et méi Detailer. 

Och am Virfeld huet d'Kulturjournalistin Valerija Berdi sech mat den nominéierte Bicher auserneegesat. Lauschtert hei.