D‘Vente vun israeelesche Staats-Emprunten an der EU gouf am September lescht Joer vun der Lëtzebuerger Finanzopsiicht CSSF autoriséiert, nodeems se an Irland gestoppt gi war.
Vun elo u gëtt all dräi Woche manifestéiert
Fir ee vun den Organisateure vum Protest, den Hany Heshmat, ass dat onverständlech.
"Ces obligations d'État permettent de financer l'État d'Israël. C'est eux qui le disent. L'État d'Israël dit oui, mais c'est pour des dépenses courantes du fonctionnement de l'État."
Dat géife si anescht gesinn.
"C'est pour financer leur armée et donc leur campagne militaire, que ça soit à Gaza, que ça soit en Iran actuellement ou au sud du Liban. C'est très clair que le Luxembourg ne peut pas autoriser ça, parce qu'il s'agit de complicité de notre pays vis-à-vis de crimes de guerre qui sont absolument inacceptables."
"Collectives for Palestine" fuerdert weiderhin, datt direkt domat opgehale soll ginn, déi Obligatiounen ze verkafen. Well sech awer näischt géif änneren an ee keng Äntwerte vun den Autoritéite géif kréien, wëlle “Collectives for Palestine” vun elo un all dräi Woche virum Finanzministère protestéieren.