Gëschter hat de President vum Geriicht dem jonke Mann an d’Gewësse geriet. Haut huet de Riichter dat selwecht du mat der Affekotin vum Beschëllegte gemaach,
Um Enn vun der Sëtzung krut d’Me Lynn Frank nämlech un d’Häerz geluecht, nach emol op hire Client anzewierken, well deem d’Zäit esou lues fortlafe géif.
President vum Geriicht wollt Prezisiounen zum Oflaf
Dem Ugeklote säin Hallefbrudder war och zu deem Moment am Haus. Och deen hat e Messer bei sech. Ob deen och zougestach hätt, wéisst hien net, sot den Ugekloten.
Seng Relatioun zum Affer a Stéifpapp huet hien als net gutt bezeechent. Vu Klengem un hätt de Stéifpapp hie beleidegt a geschloen, an et gouf och Gewalt géintiwwer der Mamm.
Hien a säin Hallefbrudder hätten dem Affer mat hire Messeren Angscht wëlle maachen. De Mann wier awer op eemol opgestanen, wouropshin hie panikéiert hätt, well en duecht, de Stéifpapp géif hien ugräifen.
Ugeklote wëllt net iwwer d'Faite schwätzen
D’Dot wier och net vun him, senger Mamm a sengem Hallefbrudder zesumme geplangt ginn, esou de Beschëllegten. Eng Versioun, déi den Hallefbrudder confirméiert huet.
Zimmlech séier huet dee Jonken, dee wéinst de Faiten nach Rendez-vous um Jugendgeriicht huet, awer op keng konkret Fro méi geäntwert. Hie wéilt net iwwer dat schwätzen, wat geschitt wier, sot de 17 Joer jonke Mann. Dorun huet och d’Ausso vum Riichter näischt geännert, fir deen de Jugendlechen dem Ugekloten eventuell hëllefe géif, wann hie schwätze géif.
Muer geet dëse Prozess weider.