Als Gewerkschaftler géing een zum Deel aner Interesse vertriede wéi als Minister, seet de Marc Spautz.
“Als Gewerkschaft ass et d’Haaptmissioun d’Verteidegung vun den Interête vun de Leit, déi fir Loun a Gehalt schaffen, a fir déi Pensionéiert an hir Famillen. (...) Als Minister muss een d’Interête vum gesamte Land kucken. Dat sinn zwou verschidden Aufgaben.”
Op verschiddene Punkte géing et eebe “kleng Widderspréch” ginn, dat wier en Zeeche vu Politik, esou de Marc Spautz.
Et kënnt op d'Bestandsopnam un
“Kleng Widderspréch” ass gutt gesot. De Minister ass an den Éischt-Mee-Rieden net geschount gi vun de Gewerkschaften. Nom Sträit iwwer de Mindestloun war de Marc Spautz doriwwer och wéineg iwwerrascht. Hie betount awer, datt d’Gespréicher nieft der Bün méi entspaant waren.
“Ech hu mat Leit vum LCGB an OGBL geschwat, déi och Kritik geäussert hunn, an dat ass och kloer a verständlech. Et ass een net ëmmer enger Meenung, mee d’Bestandsopnam muss déi selwecht sinn.”
Op d’Bestandsopnam kéim et un, huet den Aarbechtsminister ëmmer nees am Interview betount. Wann ee sech do net eens wier, wier et ganz schwéier, en Accord ze fannen. Säi Motto wier “Voir, juger, agir”.
“Wa mir eis beim ‘voir’ schonn net eens sinn, da gëtt et schwiereg.”
Theema Mindestloun op der Tripartite?
Iwwermuer fannen déi éischt Eenzelgespréicher mat de Sozialpartner statt. De Premier trëfft zesumme mam Finanz- a Wirtschaftsminister d’Sozialpartner.
Eréischt wann ee sech mat jidderengem gesinn an ausgetosch huet, wéilt een en Ordre du jour opsetzen, betount de Marc Spautz. Et géing een an deem Kontext och nach déi lescht ekonomesch Zuelen ofwaarden.
“Verschidde Saache kann een do traitéieren, aner Dossiere muss een eraushuelen an à part diskutéieren, gegeebenenfalls an Aarbechtsgruppen.
Mee wier d’Regierung och dozou bereet, nach eng Kéier iwwer de Mindestloun ze diskutéieren?
“Et ass ëmmer alles méiglech bis e Gesetz definitiv gestëmmt ass. Mee et dierf ee bei deem Ganzen net d’Kompetitivitéit vun de Betriber aus den Ae verléieren. De Mindestloun erhéije kascht och Aarbechtsplazen, an d’Situatioun um Marché ass alles aneschters wéi gutt.”
Dräi Tripartite-Sëtzungen an der grousser Ronn si virgesinn. De Minister Marc Spautz ka sech virstellen, datt et och méi laang dauere kéint. D’Viraussetzung dofir wier awer eng gutt Vertrauensbasis. Just esou kéint ee Kompromësser fir "Land a Leit" fannen.
OGBL an LCGB esou gëeent wéi nach ni
OGBL an LCGB ginn als Unioun gëeent an dës Tripartite eran. Nach ni stounge sech béid Gewerkschaften esou no. Dat weess och den Aarbechtsminister. Aus senger Zäit beim LCGB wéisst hien, datt d’Gewerkschafte sech am Virfeld vun esou grousse Rendez-vousen ëmmer ofgeschwat hätten, fir eng gemeinsam Positioun ze fannen. D’Relatioun deemools war awer "net grad esou enk" wéi haut.
Grond fir dëse staarken Zesummenhalt tëschent de Gewerkschaften ass ironescherweis d’Regierung selwer, déi mat den Diskussiounen ëm d’Kollektivverträg de Kärbusiness vun de Gewerkschaften a Fro gestallt hat.
“Wann een engem op d’Halsschlagoder trëppelt, (...) da muss ee sech net wonneren.”
D’Diskussioune ware séier vum Dësch an d’Regierung ass zeréckgeruddert. Fir de Marc Spautz huet dat deemools ausgesinn, wéi wann een en Neistart kéint entaméieren.
“Dat war vläicht d’Ursaach vun de soziale Spannungen. D’Ursaache sinn elo fort. Da muss ee soen, da fänke mir frësch un.”
Net gelongen, de Sozialdialog nees unzekierpen
Zënter datt hien am Amt ass hätt hie probéiert, de Sozialdialog nees unzekierpen. Dat wier him awer net gelongen, gëtt de Marc Spautz zou. D’Gespréicher bis elo wieren ëmmer bilateral gewiescht. Dat huet hien ufanks net verstanen, well d’Diskussioun ëm d’Kollektivverträg jo vum Dësch war.
Läit et also vläicht un him selwer? Dat misst een déi verschidde Presidente froen, mengt de Marc Spautz. Dat eenzegt, wat fir hie kloer ass: Wann een net zesummen diskutéiert, kann een och keen Accord fannen.