Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Manhattan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz: Gesetzprojet zur Sonndesaarbecht kéint ofgeännert ginn

Chamber

Marc Spautz: Gesetzprojet zur Sonndesaarbecht kéint ofgeännert ginn

Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz huet gëschter um Donneschdeg net ausgeschloss, datt de Gesetzprojet vum Aarbechtsminister iwwert d’Sonndesaarbecht an der zoustänneger Chamberkommissioun ofgeännert gëtt.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

Den LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel hat an enger Motioun gefuerdert, datt am Gesetzprojet soll dra stoe kommen, datt et am Eenzelhandel méiglech ass, d’Sonndesaarbechtszäit vu 4 op 8 Stonnen eropzesetzen, ënnert der Konditioun, datt et ee Kollektivvertrag dozou gëtt.

Weider Punkte musse berücksichtegt ginn

De Marc Spautz huet proposéiert, eng ganz Rei u Gesetzprojeten zesummen ënnert d’Lupp ze huelen. Dat heescht, nieft Gesetzer iwwert europäesch Direktiven zu de Kollektivverträg ginn et nach eng ganz Rei un Texter, déi sech mat den Aarbechtszäite befaassen, esou de Marc Spautz.

"Nämlech dee vun den Heure-d'ouverturen, datt een och gläichzäiteg nach géif doriwwer diskutéieren, an dat huet den Aarbechtsminister jo och schonn eng Kéier an eiser Kommissioun gesot. Iwwert d'Congé-spéciallen, datt een dat emol eng Kéier alles géif zesummen op den Dësch leeën an iwwer all déi Punkte gemeinsam diskutéieren."

Lauschterenplay_arrow

Dobäi kéim d'Propos fir parlamentaresch Amendementer ze maachen, déi vun der Regierung géife kommen.

D’Motioun vun der LSAP zur Sonndesaarbechtszäit am Eenzelhandel soll deemnächst an der Chamberkommissioun analyséiert ginn.