arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marco Rubio fir e Gespréich mam Netanjahu an Israel gereest

Noen Osten

|
headphones

1 min

Marco Rubio fir e Gespréich mam Netanjahu an Israel gereest

Nom US-amerikanesche Vizepresident JD Vance ass elo haut um Donneschdeg den US-amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio an Israel fir eng Visitt ukomm. Dat mellen d‘Noriichtenagencen. Hie soll sech den Owend den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu treffen.

headphones

1 min

Marco Rubio | © picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP
Marco Rubio (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP)

Den amerikanesche Vizepresident JD Vance war onzefridden aus Israel ofgereest. Dat israeelescht Parlament hat wärend senger Visitt iwwerraschend e Plang vun der Oppositioun, fir Deeler vum Westjordanland ze annexéieren, ugeholl.

Hie géif sech doduerch perséinlech beleidegt fillen, sot den JD Vance. Dat wier e ganz domme politesche Stunt vun der Knesset. D‘Westjordanland géif net vun Israel annexéiert ginn. Dat wier déi onverännert politesch Linn vun der US-Regierung, esou den US-Vizepresident. 

WHO: Rëm-Opbau vum Gesondheetssystem kascht wuel ronn 7 Miilarden Dollar

D‘Weltgesondheetsorganisatioun schätzt iwwerdeems, datt 7 Milliarden Dollar néideg sinn, just fir de Gesondheetssystem an der Gazasträif rëm opzebauen. Et géif kee Spidol méi an der Gazasträif ginn, dat nach ganz operationell ass. Just nach 14 vu 36 Klinicke géifen deelweis fonctionéieren.

Donieft géif et eng schro Penurie u Medikamenter, Equipementer a Personal ginn, esou d‘WHO.