arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Deprez stellt strukturell Ännerunge bei CNS-Finanzéierung an Aussiicht

No der Quadripartite

|
reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Martine Deprez stellt strukturell Ännerunge bei CNS-Finanzéierung an Aussiicht

Fir de Patient CNS um Liewen ze erhale si gëschter eng Rei Mesuren decidéiert ginn. Et handelt sech awer ëm éischter kuerzfristeg Léisungen. Strukturell Ännerungen un der Finanzéierung vun der Gesondheetskeess schléisst d'Ministesch fir déi no Zukunft dofir net aus.

reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow
D'Martine Deprez | © Radio 100,7
D'Martine Deprez (Foto: Radio 100,7)

Gëschter op der Quadripartite ass sech d’Gesondheetsministerin Martine Deprez (CSV) mat de Sozialpartner an de concernéierten Acteuren aus dem Secteur eens ginn, wat gemaach muss gi fir d’Finanze vun der Gesondheetskeess ze stabiliséieren. 

Am 100,7-Interview betount d’Ministesch, datt een net “réischt säit gëschter” domadder ugefaangen hätt, mee schonn zënter zwee Joer um Wee wier, fir dee Problem unzegoen.

Cotisatiounserhéijungen an Tax fir d'Pharmaindustrie

Graff resüméiert sinn zwou Moossnamen entscheet ginn. D’Salariéen an d’Betriber wäerte méi an d’CNS abezuelen, jee 0,125 Prozentpunkte vum Salaire méi. D’Martine Deprez huet och keng Zweifel, datt den CNS-Verwaltungsrot dat duerchwénkt.

Donieft sinn eng Rei Spuermesuren decidéiert ginn. Sue sollen ënner anerem bei Medikamenter agespuert ginn, andeems d’Pharmaindustrie méi Sue bäileet.

Aktuell ass et esou, datt d’Medikamenter e fixe Präis hunn. An Zukunft soll op dee Präis e Pourcentage gerechent ginn, deen d’Pharmaindustrie als Tax ofgëtt un de Gesondheetssystem, fir deen ze stäipen.

Esou Ofgaben oder Taxe ginn et schonn am Ausland, preziséiert d’Martine Deprez. Iert et esou wäit ass mussen awer nach entspriechend Gesetzer ausgeschafft ginn.

Kooperatioun vun den Doktere stellt d'Ministesch net a Fro

Des weidere sollen Doktere manner Kiné verschreiwen a sech beim Verschreiwe vun Analysen a Medikamenter och u Recommandatioune vum Ministère halen.

Fir dat ëmzesetzen ass een natierlech op d’Mataarbecht vun den Dokteren ugewisen. Ass dat an der aktuell ugespaanter Lag tëschent Ministesch an der Dokteschassociatioun AMMD iwwerhaapt méiglech?

D’Martine Deprez gesäit do kee Problem a betount, datt dat bis elo och scho gutt geklappt hätt.

“Dat wäerte mir gesinn. An der Vergaangenheet huet et och geklappt a bis viru Kuerzem huet et och geklappt.”

Méi Kontrolldoktere fir dem Abus entgéintzewierken

E weidere Punkt, deen de Patronatsverband UEL ugeschwat huet, ass den Absenteismus. Wat dat ugeet wier en Aarbechtsgrupp mat alle Partner op d’Bee gestallt ginn, seet d’Martine Deprez. Elo misst een als éischt eng Analys vum Zoustand maachen.

“Mir brauche gegebenenfalls méi Kontrolldokteren, e besser opgestallte Contrôle administratif. All déi Saache sinn ënnerwee.”

D’CSV:Ministesch ass net onbedéngt der Meenung, datt aktuell vill Abus an deem Beräich bedriwwe gëtt, wëllt déi “Outlier”, wéi si se nennt, awer verstäerkt opspieren.

Vun elo un all halleft Joer de Bilan zéien

D’Martine Deprez schwätzt net gär vu Spuermesuren, mee éischter dovunner, manner Geld auszeginn. 

Zielt een all déi eenzel Mesuren zesumme sollen am Joer kënne 95 Milliounen Euro “manner ausginn” – also gespuert ginn.

Si betount awer, datt déi Schätzung de maximale Montant rëmspigelt, dee réischt an 3 bis 4 Joer erreecht ka ginn.
Mat deem, wat elo decidéiert ginn ass, wäert de System bis 2030 stabel sinn, verséchert d’Gesondheetsministesch. 

Eng laangfristeg Léisung ass et also net. Et leeft een also Gefor, a véier Joer nees um selwechte Punkt ze sinn. Dofir misst ee sech reegelméisseg gesinn, seet d’Martine Deprez.

“All Joer, respektiv all halleft Joer musse mir de Bilan maache mat de Sozialpartner fir ze kucken, wou mir dru sinn.”

Et dierft ee sech keng Allusioune maachen, stellt d’Martine Deprez kloer: “Eise Gesondheetssystem wäert à term net méi bëlleg ginn”, warnt si.

D’Consommatioun vun de Patiente geet erop, genee wéi och de Präis vun der Technik, deen am Santésberäich zum Asaz kënnt.

Strukturell Ännerunge ginn am Fréijoer 2028 diskutéiert

Wéi gesäit et also mat enger méi struktureller Reform aus? Wat dat ugeet géinge schonn Aarbechtsgruppe lafen, seet d’CSV-Politikerin. Och fir de legale Kader ze analyséieren. 

Si hält sech bedeckt, wat vu strukturellen Ännerungen bei der Finanzéierung vun der Gesondheetskeess kéint duerkommen, huet am 100,7-Interview awer eng Optioun ernimmt. Et misst ee kucken, ob déi Fraisen, déi vun der CNS en charge geholl ginn, an déi net direkt mat enger Gesondheetsleeschtung ze dinn hunn, weider sollen iwwerholl ginn oder net.

Am Fréijoer 2028 wëllt d’Ministesch eventuell strukturell Ännerungen op de Leescht huelen.

play_arrow Lauschteren