Duerch déi erneierbar Energieressourcen hofft een a Moldau, net méi esou ofhängeg vu russeschem Gas ze sinn. D'Benelux-Delegatioun an den Ausseminister Xavier Bettel hunn am Kader vun hirer Visitt de gréisste Solarpark am Land besicht, deen circa eng hallef Stonn vun der moldawescher Haaptstad ewech läit.
30.000 Stéit mat Stroum versuergen
Schonn um Wee fir bei dëse Solarpark sti Solarpanneauen op de Felder laanscht d'Strooss. Datt Moldau mëttlerweil vill an erneierbar Energien investéiert ass quasi alternativlos, wéi de moldaweschen Energieminister Dorin Junghietu erkläert.
"Mir waren 20, bal 30 Joer ofhängeg vun enger Energiesource. De Fakt, datt eisen Zougank zur Waasserkraaft limitéiert ass, d'Gaspräisser aktuell ganz héich sinn, mir keng Atomanlag hunn, mécht, datt gréng Energie ee déi eenzeg Alternativ fir eis ass."
Bescht Beispill dofir ass dëse Photovoltaikpark. Eréischt viru Kuerzem, am Juli vun dësem Joer, gouf d'Anlag endgülteg fäerdeggestallt. Iwwer bal 100 Hektar Land goufen hei PV-Anlagen opgebaut. Et sinn der där knapp 70.000, déi pro Joer 65 Millioune kWh u grénger Energie produzéieren.
Bal 30.000 Stéit kéint een eleng duerch dëse Photovoltaikpark mat Energie versuergen, wéi den Dorin Junghietu erzielt.
"Dës Anlag huet am Ufank zu de Peak-Zäiten 3 bis 5 Prozent vum gesamten Energieverbrauch am Land gedeckt."
D'Energie als Symbol
25 Milliounen Euro huet et kascht, de Projet ze realiséieren. 9 Méint huet et nëmme gedauert fir e fäerdegzestellen. Dobäi steet dee Projet stellvertriedend fir vill méi wéi "nëmmen" en Ëmdenken a punkto Energieressourcen. Vill méi ass et nees e Symbol, datt déi aktuell proeuropäesch Regierung sech weider wëllt vu Russland emanzipéieren.
An dat ass och batter néideg. Zënter Ufank dës Joers huet de russesche Staatskonzern fir Gas Gazprom seng Liwwerungen an d'Republik Moldau gestoppt. Vu russescher Säit aus heescht et, datt een dat wéinst ze héije Scholden, déi Moldau nach opstoen huet, gemaach hätt. Moldau dementéiert dëst.
Och Wandenergie ass eng Alternativ
Och wann den Energieminister Dorin Junghietu net direkt wëllt op Russland agoen, seet hien awer, datt d'Investitiounen an erneierbar Energien och eng Fro vu Selbststännegkeet ass.
"De Fakt, datt mir an erneierbar Energien investéieren, ass e wichtege Schratt fir méi onofhängeg a Saachen Energiezouliwwerung ze ginn."
A Moldau dreift een d'Energietransitioun weider. Niewent dem massiven Ausbau vu Solaranlage geet een och op d'Pist vun der Wandenergie. Iwwerdeems kritt dat osteuropäescht Land elo schonn dobäi Ënnerstëtzung a Form vu Subventioune vun der Europäescher Unioun.