arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Médecins du Monde fuerdert permanente Canicule-Plang

Hëtztwell

|
reading time

1 min

Médecins du Monde fuerdert permanente Canicule-Plang

Médecins du Monde maachen an engem Communiqué en Appell, fir Léieren aus der Canicule ze zéien. Dat wier sécherlech net déi lescht, an dofir misst sech besser preparéiert ginn op esou Situatiounen, besonnesch fir d‘Sans-abrisen besser ze schützen.

reading time

1 min

Heeschen | © picture alliance dpa Boris Roessler
Heeschen (Foto: picture alliance dpa Boris Roessler)

Nom Doud vun engem 75 Joer ale Sans-abris an der Stad, kritiséiert Médecins du Monde, datt esou Situatiounen net antizipéiert gi sinn an datt réischt gehandelt gëtt, wann eppes geschitt ass. D‘ONG fuerdert, datt e permanenten Dispositif anti-canicule en place gesat gëtt.  

Médecins du monde deelt och mat, datt hir Zentren zu Bouneweg an zu Esch aktivéiert gi sinn, wou Mënsche kënnen higoen, déi keng Krankeversécherung hunn.