arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Médecins du Monde mussen ëmmer méi Leit mat Schaff a Krankekeess empfänken

Gesondheet

|
reading time

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Médecins du Monde mussen ëmmer méi Leit mat Schaff a Krankekeess empfänken

Ëmmer méi Leit géife bei Médecins du Monde zu Lëtzebuerg kommen, obwuel si eng Aarbecht an eng Krankekeess hätten. Dat sot den Dokter Bernard Thill, Éierepresident vun der ONG, als Invité vum Dag bei eis op der Antenn. Mee och de Logementsproblem wierkt sech op d'Aarbecht vun der ONG aus. 

reading time

2 min

headphones

12 min

play_arrow
© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Am Idealfall wier Médecins du Monde iwwerflësseg, seet den Éierepresident vun der ONG. Dobäi wier et awer absolutt néideg, zu Lëtzebuerg, an engem vun deene räichsten europäesche Länner, de Leit ënner d’Äerm ze gräifen, esou den Dokter Bernard Thill.

"Mir si bis haut, just zënter 2013, zu Lëtzebuerg aktiv, well et einfach zu Lëtzebuerg esou vill Problemer gëtt am soziale Beräich. Leit, déi keng Krankekeesen hunn, Leit, déi kee Logement hunn."

Dofir kéint een net an anere Länner, beispillsweis asiateschen oder afrikaneschen, Hëllef leeschten, obwuel ee Médecins du Monde géif heeschen, esou nach den Dokter Bernard Thill.

Et kommen net nëmme Leit komplett ouni Moyenen

Dobäi kéim och eng nei Situatioun zu Lëtzebuerg op d’ONG zou.

"Dat ass wierklech en neit Gesiicht, wat mir an eise Permanencen hunn, an de Consultatiounen, datt Leit bei eis kommen, déi eng Aarbecht hunn, déi en Daach iwwer dem Kapp hunn, déi eng Krankekeess hunn, mee déi um Enn vum Mount d'Enner net méi zesummekréien."

Zänn als Ausléiser fir gesondheetlech Problemer

Datt et de Leit um Enn vum Mount u Sue fir preventiv Dokteschbehandlunge feele géing, wier dramatesch, seet den Dokter Bernard Thill. Beispill dofir wier eng Kontroll beim Zänndokter.

"Wann ee Problemer huet mat den Zänn, da riskéiert ee grouss infektiéis Komplikatiounen ze maachen. Ech denke just un Häerzklappen, Entzündungen, Endokarditten, Patienten, déi mir dann hu missen an d'Häerzchirurgie schécken."

Wanteraktioun misst eng Joresaktioun ginn

D’Aarmut an d’Gesondheet wieren enk matenee verbonnen, esou den Dokter Bernard Thill. Enger Etüd aus Frankräich no hätte Leit ouni Daach iwwer dem Kapp eng zwanzeg Joer méi kuerz Liewenserwaardung. 

Dozou bäidroe géifen och déi klimatesch Bedingungen. Dofir plädéiert den Dr. Bernard Thill vehement dofir, datt d’Wanteraktioun dauerhaft opmécht. 

"D'Wanteraktioun ass jo eng Institutioun mat 250 Better. Perséinlech, an als Médecins du monde fanne mir et einfach trotzdeem beschämend, datt mir zu Lëtzebuerg esou vill Better eidel stoen hunn an op der anerer Säit si Leit op der Strooss, déi keen Ënnerdaach hunn an déi riskéiere souguer op der Strooss ze stierwen, wéi dat jo den 20. Juni dann engem Mann vu 75 Joer am Garer Quartier geschitt ass, deen do an der a praller Sonn schlussendlech op der Strooss gestuerwen ass."

Perséinlech géif den Dokter Bernard Thill dat dramatesch an alarmant fannen.

play_arrow Lauschteren