Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Médecins du monde: "Hefteg an emotionell schwiereg Evenementer" goufen et iwwert de Summer

Personell Changementer

Médecins du monde: "Hefteg an emotionell schwiereg Evenementer" goufen et iwwert de Summer

D‘Associatioun Médecins du monde war dëse Summer a Gefor. Dat huet hire President Bernard Thill ufanks September un déi 160 Fräiwëlleg vun der Associatioun geschriwwen, esou d'Lëtzebuerger Land. Et wieren eng Partie hefteg an emotionell schwiereg Evenementer am Summer ginn, esou de President an deem Schreiwes.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton

D‘Land schreift haut, datt den Hannergrond Streidereien tëschent der Directrice générale Sylvie Martin an dem Directeur vun de Programmen, dem David Pereira, wieren, déi alle béid d‘Associatioun verlooss hunn.

An och do virdru wieren et schonn eng Partie Departe bei der ONG ginn, wat zu Problemer bei der Gestioun gefouert huet. Dat an engem Ament, wou déi sozial Aarbecht vu Médecins du monde besonnesch wichteg ass, wéinst dem Skandal vun der Caritas.

De Bernard Thill seet am Land awer, datt d‘Associatioun elo awer erëm op de gudde Schinne wier. Medecins du monde këmmert sech ëm Leit, déi keen Accès zu medezinesche Soinen hunn, well se hei am Land net sozial verséchert sinn.