Déi Informatioun géif géint dem Alicher Ousmanov seng Rechter verstoussen, esou d‘Riichter:innen. Se dierft net méi weider diffuséiert ginn. Luxembourg Times hätt de betraffene Paragraph entretemps aus dem Artikel geläscht, heescht et.
Wa Mediahuis sech an Zukunft net un de Verbuet géif halen, géif d'Editiounshaus, zu deem och d'Lëtzebuerger Wort gehéiert, all Kéier eng Geldstrof vu bis zu 250.000 Euro riskéieren, heescht et weider. Vu Mediahuis Lëtzebuerg krute mer bis elo nach keng Reaktioun.
Zanter 2023 ass den Alicher Ousmanov géint eng ganz Parti Medie geriichtlech virgaangen, déi hie mat Immobilien oder anere Verméigen an Däitschland a Verbindung bruecht hunn.