D’Mediatioun wier gescheitert, ënner anerem wéinst aggressiven Aussoe vu Vertrieder vun der CNS, behaapt d’AMMD.
D’Dokteschassociatioun kritiséiert op en Neits, datt hir politesch Fuerderungen net erfëllt gi wieren – Fuederungen, déi net direkt mat der Konventioun ze dinn hunn. Dorënner falen: Eng maximal Revalorisatioun vun der Lettre-clé (also eng Erhéijung vun den Dokteschtariffer) fir d’nächst Joer an d’Ophiewe vun der “Anti-cumul-Regelung”, datt Akten net dierfen zesummen ofgerechent ginn.
Allgemeng kritiséiert d’AMMD, datt de Ministère an d’CNS de Gros vun der spezialiséierter Medezin gär an de Spideeler organiséiere géifen an net an de Cabinete vun den Dokteren.
Och de Luc Frieden hätt net gehollef
Trotz enger Entrevue mam Premier de 5. Januar, hätt de Luc Frieden d’Dokteschassociatioun nees “zeréck bei de Gesondheetsministère geschéckt an d’Martine Deprez (CSV) hätt si sechs Méint laang an Aarbechtsgruppen higehalen”. Resultater aus deenen Aarbechtsgruppe géifen et keng ginn, behaapt d’Spëtzt vun der AMMD an der Newsletter.
An och no enger zweeter Reunioun Enn Juni zesumme mam Premier wier et fir d’AMMD kloer gewiescht, datt ee sech “näischt vun der Regierung bräicht ze erwaarden”.
Staatsmedezin no kubaneschem Modell?
D’Phase vun de Verhandlungen op der Mediatioun leeft offiziell bis den 13. August. Déi aktuell Konventioun leeft nach bis Enn Oktober. Vun November u wäert ee Règlement grand ducal vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez gräifen fir d’Konventioun ze ersetzen.
Domat huet d’Dokteschvereenegun da kee Verhandlungsrecht méi mat der CNS, mee ënnerläit dem Reglement. Dat géif eng Staatsmedezin ginn, fir déi d’Regierung sech da wuel un Nordkorea oder Kuba inspiréiere misst, heescht et an der Newsletter.
AMMD mécht weider Drock
D’Spëtzt vun der AMMD geet eegenen Aussoen no dovun aus, datt d’Regierung dee reglementéierte System net laang kéint bäibehalen. D’Politik wier da forcéiert aus hirer Inertie erauszeklammen.
Och mengt d’AMMD-Spëtzt, datt si an den nächste Méint ënner Drock gesat gëtt fir awer nach bis Enn Oktober ze ënnerschreiwen. Si géif bei all neie Virschléi iwwerpréiwen, ob déi konform si mat der AMMD hire Fuerderungen.
D’AMMD hat d’Konventioun mat der CNS Enn Oktober 2025 gekënnegt fir Drock op de Gesondheetsministère ze maache fir d’Medezin méi ze liberaliséieren, wéi bis elo vun der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez geplangt.