Och begréisst d'Gewerkschaft, datt bal d'Hallschent vun de privat gefouerte Busser an déi grouss Majoritéit vun den CFL-Busse mëttlerweil geséchert Kabinne fir d'Chaufferen hunn.
Performanten ëffentlechen Transport bréicht Schutz vu Personal a Passagéier
Et misst awer séchergestallt ginn, datt déi Kabinnen d'Standarden erfëllen, déi néideg sinn, fir d'Personal och wierklech ze schützen. D'Gewerkschaft wëllt och, datt all Bus am Land esou Kabinne kritt.
Den OGBL schwätzt sech am Schreiwes ënner anerem fir d’Aféiere vu Bodycame fir Zuchkontrolleren aus, esou wéi an anere Länner. Ee performanten ëffentlechen Transport géif eng effikass Protectioun vu Salariéen a Passagéier viraussetzen, esou d’Gewerkschaft.