arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Méi wéi 10 Prozent: Een Aktiounsplang fir d’Kultur

Assises culturelles 2025

|
headphones

5 min

Méi wéi 10 Prozent: Een Aktiounsplang fir d’Kultur

Op den Assises culturelles gouf bis dato all zwee Joer gekuckt, wou de Kultursecteur an der Ëmsetzung vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 dru wier. Dat bal 200 Säite schwéiert Dokument war dem Jo Kox, Premier Conseiller ënnert der Kulturministesch Sam Tanson, säi kulturpoliteschen Opus Magnum.

headphones

5 min

De Kulturminister Eric Thill am CAPE  | © MCULT/VERONIQUE KOLBER
De Kulturminister Eric Thill am CAPE (Foto: MCULT/VERONIQUE KOLBER)

Iwwer de sougenannte KEP ass op den Assises culturelles am CAPE zu Ettelbréck relativ wéineg geschwat ginn. Amplaz huet de Kulturminister Eric Thill een Aktiounsplang an d’Liewe geruff, fir d’Kultur zu Lëtzebuerg méi accessibel ze maachen: Ee kulturelle Schantjen, dee bis elo manner am Zentrum stoung an deen, esou den Eric Thill, ganzer aacht Voleten ofdecke soll. Déi sinn alleguer Deel vun engem Aktiounsplang sinn, deen direkt aus dem Kulturentwécklungsplang decouléiert.

En Aktiounsplang an 8 Voleten

Esou gëllt et an den nächste Méint a Joren, Zougänglechkeet a Biergerbedeelegung ze stäerken an déi gesellschaftlech Kohäsioun duerch Inklusioun an Diversitéit ze garantéieren, wat net ouni kulturell Bildung geet.

Weiderhi gëllt et, fir eng méi grouss territorial Proximitéit a lokal Verankerung ze suergen an déi kulturell Offer méi siichtbar ze maachen, woubäi den digitale Volet eng zentral Roll muss spillen. Schlussendlech geet et dorëms, de kulturelle Patrimoine net just ze protegéieren, mee en och ze weisen: Eng Demarche, déi sech an d’Valorisatioun vun der Kultur am Tourismus kéint integréieren.

Barrière sprengen

Vaste Programm also, wat och doru läit, datt een ënner Accessibilitéit ka ganz Verschiddenes verstoen: Et gëllt, kierperlech, sproochlech, soziologesch an Gender-Barrièren ze sprengen, an der Hoffnung, esou de Premier Conseiller Carl Adalsteinsson, méi Leit fir d’kulturell Offer ze reechen, wéi déi aktuell zéng Prozent vu Leit, déi se scho wouerhëlt.

Optimalerweis géif den Aktiounsplang bis Enn 2026 ëmgesat ginn. Éischt konkret Schrëtt zu enger Ëmsetzung goufen dann och direkt no der Séance plénière a Workshops, déi um Dënschdegnomëtteg stattfonnt hunn, an Ugrëff geholl.  

Wéi divers d’Theema Diversitéit ass – wat eng Tautologie –  kruten déi circa 320 Leit, déi et um Dënschden de Moie fir 9 Auer op Ettelbréck an de CAPE gepackt hunn, dann och unhand vu fënnef kuerz Virträg gewisen: D’Dänzerin a Choreographin Elisabeth Schilling huet gewisen, wéi hir Compagnie mat hirem Projet 'Mat iech' dem Public den Danz méi no bréngt an hir Disziplin an Altersheemer a Foyere bréngt.

D’Kulturzeen queeren

D’Enrica Pianaro an d’Sandy Artuso hunn unhand vun hirem Projet, Kulturplazen ze queeren, een État des lieux vun der Villa Vauban gemaach, dat fir ze kucken, wéi een de Musée kann op de Leescht huelen an erauszefannen, wou et a sengen Expoen, ma och a senger Architektur selwer ze vill Heteronormativitéit gëtt.

Unhand vum Château de Koerich huet d’Tatiana Fabeck gewisen, wéi een ee Lieu patrimonial ka respektvoll amenagéieren, fir e kulturell ze bespillen, wärend d’Marie-Paule Jungblut dovun erzielt huet, wéi si hir Studenten iwwer de Cents lafe gedoen huet, fir do no méiglechem Patrimoine populaire ze sichen. Dobäi eraus koum ënner anerem ee Futtballsterrain, den Zeutzius, d’Route de Trèves an d’Erkenntnis, datt ee mat ChatGPT op der Uni net ganz wäit kënnt.

Vun der Grillzang  zur Héichkultur

Last but not least huet d’Réjane Nennig um Beispill vun der Stad Déifferdeng gewisen, wéi ee mat e bësse politeschem Wëllen an enger motivéierter Ekipp eng Stad, déi haaptsächlech aus Grillfester an enger Duerfmusek, déi just aus Männer bestanen huet, an eng Plaz ka verwandelen, an där Kultur valoriséiert a praktizéiert gëtt.  

Dës fënnef Virträg waren éischt Abléck a verschidde Volete vum Aktiounsplang, déi quasi als Metonymie dofir stinn, a wéi eng Richtung eng méi accessibel Kulturzeen sollt goen.

Zukunftsmusek: De KEP 2.0

Dat heescht dobäi awer net, datt de KEP vergiess gouf: Obwuel un de Recommandatiounen aus dem KEP, déi iwwer d’Kreatioun an d’Valorisatioun vun der Aarbecht vun de Kulturschafende ginn, scho vill gewierkelt gouf, sollen déi bei den nächsten Assisen an zwee Joer nees um Ordre du Jour stoen. Da soll nämlech och de KEP 2.0 an d’Liewe geruff ginn, an deen eventuell verschidde Punkte vun dësem Aktiounsplang kéinten erafléissen, esou de Carl Adalsteinsson.

Nawell hu verschidde Reaktiounen am Public dorop higewisen, datt sech e bësse gewonnert gouf, wisou esou wéineg op d’Kulturschafend selwer agaangen ass. Esou war wärend dem u sech immens spannende Virtrag iwwer Kultur a Gesondheet just dovu riets, wat fir therapeutesch Tugenden d’Kultur kann hunn, déi, esou den Ameer Shaheed vun der OMS, an der Santé publique vu muer soll eng zentral Roll spillen.

Mee zu kengem Zäitpunkt gouf dovu geschwat, wéi vill Kënschtler:innen eigentlech duerch hir Prekaritéit an enger stänneger Angscht liewen an duerch hir Iwwerbeschäftegung no um Burnout stinn.

Effektiv stounge bei den Assisen déi Kéier déi Kulturschafend just par la bande am Zentrum, an zwar an deem Sënn, datt eng méi staark Prise en compte vun den Nationalitéiten, de Sproochesituatiounen, dem Geschlecht an der Sexualitéit vun dem Public och kéint eng Repercussioun op den Inhalt vun de Kulturproduktioune kéint hunn.

KEPlang, wat kulturell leeft?

Dobäi soll den Aktiounsplang virun allem zum Zil hunn, méi Leit fir d’Kulturoffer ze begeeschteren. Eng ILRES-Enquête, déi 2024 duerchgefouert gouf an déi sech mat der Observatioun vun de kulturelle Praktiken am Lëtzebuerger Alldag huet, huet esou beispillsweis erwisen, datt eng 56 Prozent vun de Befroten, dat aus engem Echantillon vun 1981 Residentë vun iwwer 16 Joer, am Laf vun engem Joer net eng Kéier an den Theater waren. Beim Danz leie mer mat 64 Prozent vun de Befroten nach eemol méi déif.

Wat dorop kéint hindeiten, datt fir vill Leit dobausse KEP net fir Kulturentwécklungsplang steet, mee och fir KEPlang, wat kulturell esou leeft: Den Zougang zur Informatioun, wat wou leeft, ass eng vun den éischten Doleance vun de Befroten. An de Kino, eng Concertshal oder ee Musée fannen dräi Véierel vun de befrote Residenten awer op d'mannst ee bis dräimol am Joer de Wee.