Radioen

On air

Concert  |  Mahler 4. - aus dem Gewandhaus Leipzig

play_arrow Live
search

/ Méi wéi 2.000 Autoe ginn dëst Joer um AutoOccasiounsFestival offréiert

Occasiounsmarché

Méi wéi 2.000 Autoe ginn dëst Joer um AutoOccasiounsFestival offréiert

Haut um Méindeg start den AutoOccasiounsFestival. Een Event, dat sech lount, well wann ee sech déi rezent Immatrikulatiouns-Zuelen ukuckt gesäit een, datt sech Occasiouns-Autoen zu Lëtzebuerg enger grousser Beléiftheet erfreeën.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

Philippe Mersch, President FEDAMO | © Morgane Weidig play_arrow
Philippe Mersch, President FEDAMO (Foto: Morgane Weidig)

Am Joer 2024 si bal 60.000 Occasiounsautoen immatrikuléiert ginn, wärend d’Immatrikulatioune vun neien Autoe bei ronn 47.000 louch. Zu Lëtzebuerg gi schonn zënter e puer Joer méi gebraucht Autoe kaf wéi neier.

Eng gutt Affär

Den AutoOccasiounsFestival soll dofir genau déi Leit uspriechen, déi op der Sich no engem gebrauchten Auto sinn. De Festival gëtt vun der FEDAMO (Fédération des distributeurs automobiles et de la mobilité) organiséiert an bréngt d’Garagen an d’Concessionnairen zu Lëtzebuerg zesummen, fir méi wéi 2.000 Occasiounsautoen zum Verkaf ubidden ze kënnen.

De Festival ass e wichtege Moment fir d’Membere vun der FEDAMO, seet de Philippe Mersch, President vum Garageverbond. Den Interessi bei de Lëtzebuerger fir gebrauchten Autoe wiisst. Et wier e Marché, dee vun den offizielle Concessionnairë vum Verbond versuergt gi wëll.

Déi ekonomesch Situatioun zu Lëtzebuerg wier och Grond fir déi rezent Entwécklungen am Occasiounsmarché, erkläert de Philippe Mersch.

“A mat enger gudder Occasioun, enger rezenter Occasioun, wéi se haaptsächlech zu Lëtzebuerg verkaf ginn, mécht ee ganz gutt Affäre par rapport zu engem neien Auto. (...) Et gëtt ee manner Geld aus, fir awer praktesch déi selwecht Qualitéit an déi selwecht Equipementer ze kréien.”

12 Méint Garantie och fir Occasiounsautoen

E gudden Deel vun de Verkeef vun den Occasiounsautoen zu Lëtzebuerg gëtt vu Privatpersounen un aner Privatpersoune gemaach. Do sprangen och dacks gutt Präisser fir de Keefer eraus, mee et feelt u Choix an un de Servicer, déi d’Garagen an d’Concessionnairen ubidde kënnen, seet de President vun der FEDAMO.

Beispillsweis wiere bei de Garagen e Minimum vun 12 Méint Garantie gesetzlech virgeschriwwen. Et ginn och Offere fir de Finanzement vun Occasiounsautoen, ënner anerem och bei de lëtzebuergesche Banken, mee den Zënssaz ass e bësse méi héich, wéi dee bei neien Autoen, erkläert de Phillipp Mersch.

Vun Elektroauto bis Bensinner ass alles dobäi

D’Autoen um AutoOccasiounsFestival si virdru kontrolléiert ginn, fir ze kucken, ob si den Ufuerderunge gerecht gi fir um Festival verkaf kënnen ze ginn. D’Gamm un Occasiounsautoen, déi um Festival zum Verkaf stinn, ass och ëmfaassend, seet de Philippe Mersch. Vun Elektroautoen an Hybriden, bis hin zu Diesel- a Bensinn-gedriwwenen Autoe wier alles dobäi.

Den AutoOccasiounsFestival geet vum 12. Mee bis e Samschdeg, de 24. Mee.

Lauschterenplay_arrow