D’Iddi, déi de Luc Frieden och schonn an der Ried zur Lag vun der Natioun ugeschwat huet, huet hien zesumme mam kanadesche Premier Mark Carney entwéckelt.
"D'Ausriichtung ass déi, datt mir eis soen, mir hunn an der NATO ofgemaach, datt mir méi an eis Sécherheet mussen investéieren, well d'Welt eng onsécher ass. Mee déi Suen, déi kënnen net nëmme komme vun de staatleche Budgeten, do ass net genuch do."
Privatsue solle kënnen investéiert ginn
D’Kapital vun der Bank soll sech deemno souwuel aus Suen vun de Memberlänner, wéi och duerch privat Gelder zesummesetzen. Dat Kapital soll da virun allem a kleng- a Mëttelbetriber fléissen, déi am Beräich Verteidegung oder Sécherheet aktiv sinn, esou de Luc Frieden.
"Mir maachen eng staatlech multilateral finanziell Institutioun, wou d'Staaten Aktionär sinn, mee déi kann da Prêtë ginn un aner Staaten, u Gesellschaften, virun allem och PMEen oder u Banken, fir datt déi da erëm kënnen Entreprisen a Staate finanzéieren."
Weider Länner weise sech intresséiert
De Weltsëtz vun der Bank wier a Kanada, den europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg. An et géife regional Büroe ginn, esou de Premier.
"Zum Beispill ass do geduecht een am Lettland ze maachen an een a Rumänien, fir och déi geografesch Ostflank vun der NATO, vun Europa ofzedecken."
Bis ewell hätte sech eng hallef Dose Länner favorabel zu där Iddi gewisen. Aner Länner géifen d’Iddi vun esou enger multinationaler Bank nach préiwen.
Um NATO-Sommet a 14 Deeg zu Ankara wëllt de Luc Frieden d’Pläng konkretiséieren.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Premier