arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CCDH kritiséiert Reaktioun vum Inneminister op Mënschenhandel-Rapport

Mënscherechtskommissioun

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

CCDH kritiséiert Reaktioun vum Inneminister op Mënschenhandel-Rapport

Déi consultativ Mënschrechtskommissioun gehäit dem Léon Gloden vir, hir Recommandatioune fir de Kampf géint de Mënschenhandel ze instrumentaliséieren. An engem oppene Bréif kritiséiert d’CCDH, datt den CSV-Inneminister hiren entspriechende Rapport vereinfacht an aus dem Kontext gerappt hätt.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Illustratioun Heeschen | © picture alliance / Zoonar | HGVorndran
Illustratioun Heeschen (Foto: picture alliance / Zoonar | HGVorndran)

Zwar géif ee begréissen, datt de Rapport zur Kenntnis geholl gouf, mee d’Mënscherechtskommissioun hätt ni repressiv Mesurë proposéiert, esou wéi de Léon Gloden dat awer géif maachen.

Konkret geet et ëm den Asaz vu rumänesche Policebeamten zu Lëtzebuerg fir géint Heescherei virzegoen. De Léon Gloden géif et elo esou duerstellen, wéi wann d’CCDH dat ënnerstëtzte géif, wat awer net de Fall wier, heescht et nach am oppene Bréif.

Mendicitéit ass net gläich Mendicitéit: Et ginn ënnerschiddlech Formen

D’Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun, d'Noémie Sadler, warnt iwwerdeems virun enger Vermëschung vun de Forme vun der Mendicitéit.

Déi gezwongen Heescherei wier Deel vum Mënschenhandel a misst bekämpft ginn, wärend d’Mendicité simple net automatesch strofbar wier.

“Dat alles gëtt eeben elo erëm an een Dëppe gehäit an dat ass genau dat, wat mir an eisem Rapport soen: Datt dat eeben net dat selwecht ass. Mendicité organisée, Mendicité simple, Mendicité forcée, dat sinn ënnerschiddlech Saachen an doduerch, datt elo nach méi repressiv Mesurë sinn, gesi mir och elo net wéi de Victimen doduerch géif gehollef ginn.”

Verstäerkte Policemesuren, esou wéi de Léon Gloden se annoncéiert huet, géifen nëmmen zu enger Stigmatiséierung vun de Betraffenen bäidroen. Vill méi misste geziilte Mesurë geholl ginn, fir de Betraffenen laangfristeg aus dem Mënschenhandel eraus ze hëllefen, esou nach d’Noémie Sadler.

play_arrow Lauschteren