Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Grand Corps Malade - Midi 20

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Francine Closener: Ulafstelle musse besser vernetzt ginn

Reaktioun op den OKAJU-Rapport

Francine Closener: Ulafstelle musse besser vernetzt ginn

Den neitste Joresrapport vum OKAJU huet fir vill Opreegung gesuergt, och bei den eenzelne Chambersfraktiounen. Am Rapport ass ze liesen, datt Kanner a Jugendlecher ëmmer méi Problemer mat der mentaler Gesondheet hunn. Der Francine Closener vun der LSAP no, misst ee lo virun allem eppes un de Servicer änneren, déi an deene Fäll sollen Hëllef ubidden.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Et wier dramatesch, datt déi eenzel Servicer, déi sech ëm de Kanner a Jugendlechen hir mental Gesondheet solle këmmeren, nach ëmmer net enk genuch zesumme géinge schaffen. Esou d'Reaktioun vun der LSAP-Oppositiounsdeputéierter Francine Closener am 100,7-Interview, no der Presentatioun vum neie Joresrapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher um Mëttwoch an der Chamber.

Vill bekannte Problemer

An deem neie Rapport ass déi mental Gesondheet als eng vun den Haaptsuerge vum OKAJU ervirgaangen. Och Jonker selwer koumen an der Chamber zu Wuert fir iwwer hir Erfarung ze schwätzen, déi si mat psychosoziale Strukturen zu Lëtzebuerg gemaach hunn. D’Francine Closener fënnt et eng gutt Saach, datt den OKAJU sech vun deene Jonken, also de Young advisors, berode léisst an op si lauschtert. Dorauser loosse sech elo och Conclusiounen zéien.

"Et feelt u Vertrauen an d'Hëllef, déi bis ewell ugebuede gëtt. Zweetens ass déi Hëllef net effikass. Drëttens sinn nach déi verschidden Ulafstellen, d'Servicer, nach ëmmer net méi vernetzt. Ech denke, dass dat ee vun den Haaptpunkten ass, déi en esou séier wéi méiglech misst ugoen."

Lauschterenplay_arrow

Vill vun deene Problemer wiere scho laang bekannt, an awer géing nach ëmmer vill ze wéineg geschéien, esou d’LSAP-Deputéiert Francine Closener.

Bei déi gréng, DP an CSV falen d'Reaktiounen ähnlech aus. Och si fuerderen eng besser Coordinatioun vun deene verschiddenen Ulafstelle fir déi Jonk.