search

/ Migratiounspolitik mat Häerz a Verstand, oder?

Fräie Mikro

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Migratiounspolitik mat Häerz a Verstand, oder?

Obwuel d'Zuel vun den irreguläre Migranten an d'EU zeréckgaangen ass, soll mam neien europäesche Pakt fir Migratioun an Asyl e vill méi restriktive System a Kraaft trieden. E Fräie Mikro dozou vun der Laura Zuccoli.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Obwuel 2025 d'Zuel vun den irreguläre Migranten an d'EU un de Baussegrenzen ëm 26 Prozent zeréckgaangen ass, soll mam neien europäesche Pakt fir Migratioun an Asyl e vill méi restriktive System am Juni 2026 a Kraaft trieden. Gehetzt vu Rietsextremen, Nationalisten a wäisse Suprematiste bauen d'EU an déi national Regierunge weider un der Festung Europa.

Wou ass d'Rechtfertegung?

"Migratiounspolitik mat Häerz a Verstand", esou de Motto vum Projet de Loi, mat deem den europäesche Pakt an eist nationaalt Recht soll ëmgesat ginn. Dat mam Zil, méi séier Prozeduren, méi sécher Baussegrenzen an eng méi gerecht Verdeelung vun den Asylbewerber tëschent de Memberstaaten ze erreechen.

Leit, déi keng Perspektiv op e Flüchtlingsstatut hu, solle fréizäiteg aussortéiert, baussent den EU-Grenzen tëschegelagert a schnellstméiglech "ofgeschiebt" ginn.

Dat sinn zum Beispill all déi, déi aus engem Land stamen, fir dat d‘Unerkennungsquot vun den Asyldemanden an Europa am Schnëtt ënner 20 Prozent läit.

Wéi kann een esou e Prinzip rechtfertegen, wann ee weess, datt déi onstabil international Situatioun d'Sécherheetslag a ville Länner vun haut op muer drastesch ka veränneren?

Wou sinn d'Etüden?

E Schlësselelement vum Gesetzesprojet ass de Screening, mat deem bannent 3 bis 7 Deeg fir all Asyldemandeur soll festgestallt ginn, wien hien ass, wou hien hierkënnt, ob hien Asyl verdéingt oder ob hien eng Gefor fir Lëtzebuerg duerstellt. Da geet et entweder an d'Asylprozedur oder an d'Réckféierung.

Betraff si Mënschen ouni gülteg Pabeieren. Eisen Innenminister Léon Gloden ass zouversiichtlech, datt eng 350 Drëttstaatebierger all Mount kënne gescreent ginn. Betount gëtt och, datt zu Lëtzebuerg e reellen Drock vun illegale Migratiounsstréim bestéing, well hei vill Migranten am Verhältnis zur Bevëlkerung liewen.

Wou sinn d‘Etüden, déi weisen, datt Mënschen ouni gülteg Pabeieren eng Gefor fir eis duerstellen? De Schutz vu Mënschen an Nout gëtt duerch de Narrativ vum gewalttätegen an hannerhältegen Asylant ersat.

Effikassitéit op Käschte vun Impartialitéit a Mënscheschutz

De Screening soll och Leit mat psychologeschen oder gesondheetleche Problemer identifizéieren. Mee amplaz datt d'Vulnerabilitéit vun enger onofhängeger a spezialiséierter Instanz festgestallt gëtt, ass och hei d'Direction de l'Immigratioun zoustänneg - déi selwecht Instanz, déi entscheet, ob een duerf bleiwen oder ob ee muss goen.

Am Gesetzesprojet soll d'Haftfähegkeet vu Mannerjäregen iwwer 16 Joer vun aktuell 7 Deeg op 3 Méint erhéicht ginn, am Fall wou e Sécherheetsrisiko besteet an och fir ze garantéieren, datt Familljen net auserneegerappt ginn, wann d'Eltere festgehale ginn.

Dat ass am Widdersproch mat der europäescher Direktiv, déi als allgemeng Reegel festhält, datt dat nëmmen dierf an aussergewéinleche Fäll geschéien an nëmmen, wa soss keng manner zwanghaft Moossnam méiglech ass.

Sécherheetswahn virum Wuelbefanne vu Mannerjäregen

Wie sech weigert, seng biometresch Donnéeën ewéi Fangerofdréck oder Gesiichtsbiller huelen ze loossen, gëllt als fluchtverdächteg an dierf agespaart ginn. Och Mannerjäreger si gezwongen, hir biometresch Donnéeën ze liwweren oder si ginn an Haft gestach.

Ouni Migratioun wier Lëtzebuerg haut net eent vun de räichste Länner vun der Welt. D'Geschicht léiert eis, datt déi allermeescht Migranten, souguer wa si net op regulärem Wee koumen, sech mat der Zäit en neit Liewen opbauen an der Gesellschaft déngen.

Migrante si keng Gefor, mee wann ee si verdäiwelt, gi si zur Projektiounsfläch vun alle méiglechen Ängschten a Phantasmen.

Eng Migratiounspolitik mat Häerz a Verstand akzeptéiert de Flüchtling als Mënsch, dee virun Nout a Verfollgung fortgelaf ass an hëlleft him, fir sech bei eis eng nei Existenz ze erschafen. Alles anescht si populistesch Muskelspiller.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren