arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mindestloun-Direktiv nach net ëmgesat: EU lancéiert Prozedure géint Lëtzebuerg

EU

|
reading time

1 min

Mindestloun-Direktiv nach net ëmgesat: EU lancéiert Prozedure géint Lëtzebuerg

D’Europäesch Kommissioun lancéiert eng “procédure d’infraction” géint Lëtzebuerg, well d’Direktiv iwwer den Europäesche Mindestloun nach net an een nationaalt Gesetz ëmgesat gouf. D’Member-Staaten hate bis de 15. November 2024 Zäit, dat ze maachen.

reading time

1 min

© EPA/OLIVIER MATTHYS
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Den Delai war schonn am Joer 2024. Bis haut hätt Lëtzebuerg d’Kommissioun awer net iwwer entspriechend Mesuren informéiert, heescht et an engem Communiqué. 

D’Kommissioun huet aus dem nämmlechte Grond och géint Zypern eng Prozedur lancéiert.

Béid Länner hunn elo zwee Méint Zäit, drop ze äntwerten. Maache si dat net, ginn déi nächst Schrëtt ageleet, esou d’Kommissioun.

Keng kloer Berechnungsmethod 

Zu Lëtzebuerg läit bis elo ee Projet de loi vum August 2024 vir. De Staatsrot hat a sengem Avis kritiséiert, datt dora keng kloer Berechnungsmethod fir de Mindestloun duergestallt gëtt.

Fir déi Method mécht d’EU-Direktiv Virgaben, si haten zu Lëtzebuerg fir Diskussioune gesuergt. 

Den Aarbechtsminister Marc Spautz hat am Abrëll, also virun der Tripartite, annoncéiert, datt hien nach virum Summer en neie Projet presentéiert.