Jorelaang war d’Ofleede vu staark belaaschtem Waasser net konform zu de Reglementatiounen. Dat hat de Radio 100,7 Mëtt Oktober gemellt. Doropshin haten déi zwee gréng Vertrieder am Schëfflenger Gemengerot dem Schäfferot Froe gestallt, déi haut um Freideg an der ëffentlecher Sitzung beäntwert goufen.
De Gemengesyndikat Minett-Kompost bedreift zu Monnerech eng Verwäertungsanlag fir organesch Offäll. Duerch dat net konformt Ofleede vu grousse Quantitéite Waasser gouf d’Kläranlag zu Schëffleng staark strapazéiert. D’Waasser ass och zum Deel an eng Baach gelaf an huet dës verschmotzt, wéi de radio 100,7 viru fënnef Woche gemellt hat.
Minett-Kompost huet Moratoire gefrot
An der Sitzung vum Schëfflenger Gemengerot schwätzt de Buergermeeschter Paul Weimerskirch vun engem "ganz komplizéierten" an "delikaten Dossier". De Minett-Kompost hätt ee Moratoire gefrot, preziséiert hien. Minett-Kompost bräicht elo dräi Joer, fir sech ze regulariséieren. Et hätt een eng Method, fir datt d‘Prozesswaasser net méi an d‘Kanalisatioun leeft.
„Mee, datt si dat Prozesswaasser géifen a Siloen opfänken. Dat soll da gedréchent ginn, an dat soll dann eventuell benotzt gi fir op d’Landwirtschaft.“
Déi méiglech Léisung vun den Ofwässer als Dünger hat de President vum Syndikat Minett-Kompost, de Monnerecher Buergermeeschter Jeannot Fürpass scho Mëtt Oktober am 100,7-Interview genannt.
"Domat hunn ech eigentlech Problemer"
Zur Fro vun der Responsabilitéit fir de Problem mam Ofwaasser seet de Schëfflenger Buergermeeschter an der Gemengerotssitzung, hie wéisst net, wie seng Aufgaben net gemaach hätt. De Paul Weimerskirch ass och President vum Syndikat SIVEC, deen d’Kläranlag zu Schëffleng geréiert.
"Ech muss Iech soen, ech fannen et verréckt. Mir regulariséieren als SIVEC eng illegal Situatioun vun engem Betrib, deen dofir kee Kommodo huet. Domat hunn ech eigentlech Problemer."
Wéi ee finanziellen Impakt et fir seng Gemeng gëtt, kann de Schëfflenger Buergermeeschter nach net am Detail soen.
D’Äntwerte vum Paul Weimerskirch op d’Froe vun déi gréng stoungen ugangs net um Programm vun der Sitzung vum Gemengerot. De Buergermeeschter hätt léiwer am huis clos geäntwert. Et gouf dunn awer decidéiert, dat trotzdeem an der ëffentlecher Sitzung ze maachen.