arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ministerinnen äussere sech zu Handschlag-Affär bei der Jeunesse Esch

Sport

|
reading time

1 min

Ministerinnen äussere sech zu Handschlag-Affär bei der Jeunesse Esch

Am Sport misst all Mënsch mam selwechte Respekt behandelt ginn: Dat äntwerten d‘Ministerinne Yuriko Backes a Martine Hansen op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. Hannergrond ass d‘Affär virun engem knappe Mount bei der Escher Jeunesse.

reading time

1 min

© Jeunesse Esch Facebook
(Foto: Jeunesse Esch Facebook)

Do hat e Spiller nom Match zu Käerjeng aus reliéise Grënn refuséiert, Supporterinnen d‘Hand ze ginn. 

D‘Ministerinne fir Gläichstellung a Sport nennen de Fall net konkreet, mee si schreiwen: Reliéis Iwwerzeegunge kéinten eng gesetzlech verbueden Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht net rechtfäerdegen.  

Iwwer de Fall war et grouss Opreegung, virun allem an de Soziale Medien, ginn.

Jeunesse huet Ethikkommissioun saiséiert

Et géif den Ament keng Richtlinnen oder Recommandatioune ginn, wéi Sportsveräiner oder d‘Federatioune mat esou Konflikter sollen ëmgoen, schreiwen d‘Ministerinnen nach. D‘Escher Jeunesse huet nom Virfall d‘Lëtzebuerger Agence fir Integritéit am Sport an déi National Ethikkommissioun saiséiert.