arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump seet Alex Pretti war keen Terrorist a widdersprécht eegener Regierung

USA

|
headphones

2 min

Trump seet Alex Pretti war keen Terrorist a widdersprécht eegener Regierung

De 37-Joer alen Amerikaner, deen zu Minneapolis vun ICE Beamten op der Strooss erschoss gouf, wier keen Attentäter oder Terrorist gewiescht, dat sot de President Donald Trump an engem Interview mat Fox News. Hie widdersprécht domat Aussoe vu Membere vu senger Regierung.

headphones

2 min

© EPA/CRAIG LASSIG
(Foto: EPA/CRAIG LASSIG)

Dorënner d‘Ministerin fir den Heemechtsschutz Kristi Noem. Si hat direkt nom Dout vum Alex Pretti gesot, nach éier d'Fakte bekannt waren, hie wier en Terrorist gewiescht an hätt eng Waff am Grapp gehat. 

ICE "méiglecherweis d'Reegelen net respektéiert"

Dëser Duerstellung widdersprécht och een éischte virleefegen offizielle Rapport iwwert dem Alex Pretti säin Dout. Doran ass néierens Rieds vun enger Waff, déi den Alex Pretti am Grapp gehat hätt oder aus der Täsch hätt wëllen huelen. 

Iwwerdeems huet och dem Donald Trump säi Vize-Chef de Cabinet, Stephen Miller, seng initial Ausoen revidéiert, datt den Alex Pretti en Terrorist wier. An engem Interview mat CNN sot hien elo, d‘Agente vun den Immigratiouns-Autoritéit ICE hätte beim Tëschefall, wou den Alex Pretti erschoss gouf, méiglecherweis d‘Reegelen net respektéiert.

Deseskaléieren, ICE awer net ganz zeréckzéien

Et géif elo "e bëssen" deseskaléiert ginn, esou den US-President. Hien huet awer betount, d‘Asätz vun ICE-Beamten zu Minneapolis géife weidergoen.

Et géif kee Réckzuch, mee just eng kleng Ännerung ginn. Déi Asätz ginn elo vum Trump sengem Emissär Tom Homan koordinéiert.

De sougenannte "Grenz-Tsar" ass zu Minneapolis ukomm fir do d‘Relève vum Greg Bovino ze iwwerhuelen. Den ëmstriddene Chef vun der Grenzschutz-Police an eng Partie Agente vun ICE waren um Dënschdeg aus Minneapolis zeréckgezu ginn. 

Attack op demokratesch Deputéiert bei Biergerversammlung

Déi demokratesch Deputéiert Ilhan Omar ass zu Minneapolis bei enger Ried op enger Biergerversammlung vun engem Mann ugegraff ginn. Hien huet eng onbekannte Flëssegkeet op si geworf. De Mann gouf duerno vu Sécherheetsbeamte festgeholl an aus dem Sall geféiert. 

D‘Deputéiert Ilhan Omar, déi dacks vum President Donald Trump kritiséiert gëtt, huet hir Ried no der Attack weidergeféiert. Kuerz virun der Attack hat si gefuerdert, datt d‘Immigratiouns-Agence ICE misst ofgeschaaft ginn, an datt d‘Ministerin fir de Schutz vun der Heemecht, d'Kristi Noem, misst zerécktrieden.