Fir de Programm mat neie Stëmmen ze beräicheren, sicht de Radio 100,7 vu Januar 2026 un:
Animateur / Animatrice (mi-temps: 20 Stonne/Woch)
Deng Aufgaben
Du moderéiers Live-Emissiounen am Virmëtteg an/oder am Nomëtteg fir d’Nolauschterinnen an d’Nolauschterer mat Informatiounen a gudder Laun duerch den Dag ze begleeden.
Du bereets Interviewe vir, sichs déi wichtegst Informatioune fir d’Emissiounen zesummen, gëss aktiv an d’Programm-Planung mat agebonnen, a representéiers de Radio bei Baussenoptrëtter op Off-Air-Events. Du geréiers de Kontakt mat eisem Public iwwer verschidde Kanäl.
Däi Profil
Du hues eng agreabel an authentesch Stëmm, hues breet Interessen a kanns dech fir déi grouss an déi kleng Froen am Liewe begeeschteren. Erfarung am Radio, Podcast oder Content creation si wëllkomm. Du beherrschs déi gängeg Sproochen zu Lëtzebuerg, am Geschwaten an am Geschriwwenen.
Wat bidde mir dir?
En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 20 Stonnen d’Woch an ee kompetitiivt Gehalt mat transparente Perspektiven. Du profitéiers vun engem professionellen Encadrement an enger hausinterner Ausbildung. Du kriss kreativ Fräiheete fir deng Emissioune matzegestalten.
Interesséiert?
Luet eis hei drënner eng Audio- oder Video-Kandidatur bis spéitstens den 12. Januar 2026 erop. Alternativ kanns du deng Kandidatur mat Motivatiounsbréif a CV bis den 12. Januar 2026 per Email un rh@100komma7.lu schécken.
Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.