Radioen

On air

De Weekend  |  Sam Fender - People Watching (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement écologique: Bisser Gemengerot dierf am Dossier Google kee Fait accompli schafen

Ëmweltschutz-ONG

Mouvement écologique: Bisser Gemengerot dierf am Dossier Google kee Fait accompli schafen

Den Owend kënnt de Gemengerot vu Biissen zesummen, um ordre du jour steet den Dossier Google Datenzenter. Am Virfeld dovun huet de Mouvement écologique dem Buergemeeschter vu Biissen e Bréif geschéckt.

auto_stories

1 min

Google | © picture alliance/dpa | Matthias Balk
Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk

D'Ëmweltschutz-ONG wonnert sech, datt haut schonn iwwert dee Projet soll ofgestëmmt ginn. Well nämlech déi néideg Ëmwelt-Etuden nach net realiséiert gi wieren. Et wier och nach net gewosst, wéi een Impakt deen Datenzenter da lo op d'Drénkwaasser an Ëmwelt huet.

Google hätt dozou nämlech nach ëmmer keng Detailer ginn, heescht et am Bréif vum Mouvement. Wann d'Gemeng elo gréng Luucht gëtt, géif se e Fait accompli schafen, fir de Mouvement dierft näischt gestëmmt ginn, ier all Informatioune virleien.

Aussoen, déi de Biisser Buergermeeschter David Viaggi op Nofro hin als "populistesch" bezeechent. Ënnert anerem, well Google, dem leschte Stand no, guer net méi plange géif fir Drénkwaasser fir d‘kille vun den Anlagen ze notzen.