arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Multi-Speed-EU: Lëtzebuerg kéint iwwerholl ginn

"Europe à deux vitesses"

|
headphones

6 min

headphones

6 min

play_arrow

Multi-Speed-EU: Lëtzebuerg kéint iwwerholl ginn

Wéinst dem ekonomeschen Drock kritt d'Iddi vun engem "Europa mat e puer Vitessen" neie Réckewand an der EU. Lëtzebuerg kéint do an engem wichtegen Dossier de Kierzeren zéien.

headphones

6 min

headphones

6 min

play_arrow
© EPA/Morris MacMatzen / POOL
(Foto: EPA/Morris MacMatzen / POOL)

An der EU kënnt eng al Iddi nees op: Een Europa mat zwou oder méi Vitessen. Gemengt ass, datt sech verschidde Länner zesummendinn an a bestëmmte Beräicher ouni de Rescht zesummeschaffen.

An den Traitéen ass dës sougenannte “coopération renforcée” virgesinn. Et gouf awer meeschtens probéiert, dee Fall ze évitéieren. En vue vum ekonomeschen Drock, deen an der Lescht staark gewuess ass, schéngen elo awer verschidden EU-Länner prett ze sinn, op dee Wee ze goen.

Dat huet net nëmmen den EU-Sommet déi lescht Woch gewisen, och d’Reunioun vun den EU-Finanzministeren Ufanks der Woch zu Bréissel.

Coopération renforcée: Op d'mannst 9 Länner musse mat maachen

Den EU-Traitéen no musse sech op mannst néng EU-Länner fir eng “coopération renforcée” zesummendinn. 

D’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet d’Iddi um informellen EU-Sommet déi lescht Woch an der Belsch als duerchaus envisageabel duergestallt.

"Dacks passe mir eis der Vitess vun deem un, deen am luesten ass. Eng cooperation renforcée évitéiert dat."

Um Terrain ass d’Iddi nach net ganz konkret.

Neit EU-Format "E6" soll op de Gas drécken

Onofhängeg dovun hunn Däitschland a Frankräich virun dräi Wochen een neie Grupp an d’Liewe geruff. Dat sougenannten E6-Format.

Member sinn nieft deenen zwee Länner och nach Italien, Polen, Spuenien an Holland. Also déi sechs EU-Länner mat de gréissten Ekonomiën. Éischt physesch Renconter waren Ufanks der Woch um Bord vun der Reunioun vun de 27 EU-Finanzminister - am Séparé ënner den E6. 

D’EU kënnt net séier genuch virun, d’Vitess ass den Erausfuerderungen net gewuess, erkläert zu Bréissel den Lars Klingbeil, däitsche Finanzminister.

"Deswegen geht es uns sechs darum Tempo zu machen, Entscheidungen vorzudiskutieren, Lösungen zu überlegen und dann dieses Tempo in die Europgruppe in den Ecofin mit hineinzubringen."

Ëmmer mam Zil déi ganz EU virun ze bréngen a méi kompetitiv ze maachen, betount den SPD-Politiker. 

Wat genee de But vun den E6-Länner ass, bleift onkloer. Och ob et um Enn drëm geet, méiglech "coopérations renforcées" op de Wee ze bréngen. 

Kritik vun Irland

Déi aner 21 Länner droen et mat Fassung, do net derbäi ze sinn. Kritik iwwer dat neit Format gouf et zu Bréissel kaum. Ausser vum iresche Finanzminister.

Wa Länner méi enk zesummeschaffe wëllen op engem Gebitt, da kéint een dat erlaben, esou den Simon Harris. Allerdéngs sollt net d'Gréisst vun engem Land als Krittär gëllen.

"Vill vun deenen E6-Länner si sich op fundamentale Sujete net eens. Et wier besser wa sech Länner zesummendinn, déi déi nämmlecht Vuen hunn, wéi datt d’Memberschaft an deem Club eleng op der Gréisst baséiert."

Lëtzebuerg kuckt op Berlin

D’Lëtzebuerger Regierung schéngt iwwerdeems verschidde Pisten ze suivéieren.

Als éischt eng staark Orientéierung op den däitschen Noper, wou mam Friedrich Merz, europäesch gesinn, ee Parteikolleg vum CSV-Premier Luc Frieden un der Muecht ass.

Hie géif d’Gespréich mam däitsche Kanzler sichen, esou de Premier direkt nom informelle Sommet d'lescht Woch. 

"Well Däitschland ass déi gréissten Ekonomie. Mir hu ganz vill Betriber, déi liwweren un däitsch Betriber. An duerfir ass dat och fir eis ganz wichteg, datt mer do eis kënnen unhänken un e gréisseren europäeschen Agenda an och dee vun eisen Noperen." 

Däitschland a Lëtzebuerg schaffen zesummen, fir ee méi kompetitiivt a staarkt Europa, sou de Luc Frieden en Dënschdeg op der Plattform “X”, no enger Entrevue mam Friedrich Merz.

Enger méi enker Kooperatioun mat anere Länner bannent der EU schéngt de Premier iwwerdeems och net direkt kritesch géintiwwer ze stoen.

De Luc Frieden gouf um informellen EU-Sommet déi lescht Woch gefrot, ob Benelux ee gutt Format wier, als Moteur, fir d’EU a verschiddene Beräicher virunzebréngen.

"Mir wëllen zu 27 virukommen, ma dat ass net ëmmer méiglech. Loosst eis d’éischt zu 27 probéieren. Wann net, kéint Benelux eng interessant Pist sinn." 

Coopération renforcée fir EU-Bankesupervsioun?

Wou a wéi eng Länner konkret zesummeschaffe wëllen, zeechent sech bis elo net of. 

An der Diskussioun fir eng “coopéeration renforcée” ass awer ee Beräich, an deem Lëtzebuerg net mat Däitschland a mat Frankräich d’Accord ass.

Rieds ass vun der Kapital-Unioun, oder wéi et elo am offizielle Jargon heescht, der “Europäescher Spuer- an Investitiouns-Unioun”. Déi soll d’Reegele um Finanzmarché harmoniséieren. 

Proposéiert gouf och eng Europäesch Kontroll-Agence. Eng Iddi mat där ënner anerem Lëtzebuerg guer net d’accord ass.

Grad hei misst ee virukommen, huet de franséische Finanzminister Roland Lescure e Méindeg betount.

"Je pense que si on pouvait terminer tout ça d'ici la fin de l'année, je pense que l'Europe s'en s'en tiendrait mieux."

Den Drock wiisst

“L’essentiel c’est qu’on aille vite”, hat déi lescht Woch de franséische President festgehalen, wéi hien zesumme mam däitsche Kanzler virum EU-Sommet virun d’Press getruede war.

Den Emmanuel Macron huet dobäi explizit och d’Kapital-Unioun als ee vun den dréngende Dossieren genannt. Hie géif zesumme mam däitsche Kanzler am Summer de Point maachen. 

"Et sur certains sujets, si on n’avance pas à 27, en se donnant le droit de faire des coopérations renforcées pour aller plus vite."

Den Drock wiist also op de Grand Duché, hei net weider ze blockéieren. De Finanzminister Gilles Roth wollt sech zu Bréissel net géintiwwer der Press äusseren.

"Mir hunn ëmmer eng Präferenz, zu 27 zesummen ze agéieren”, stellt um Enn vun der Reunioun vun de Finanzminister de Vizepresident vun der Kommissioun kloer.

Wat d’cooperation renforcée am Finanzberäich ugeet, spillt de Valdis Dombroskkis de Ball nees an d’Feld vun de Memberstaaten.

"Et ass un de Memberlänner ze definéieren, a wéi engem Beräich si sech an enger “coopéeration renforcée” engagéiere wëllen. D’Kommissioun gëtt dono aktiv. Mir kënnen deem net virgräifen."

Op genuch Länner prett sinn, sech zesummenzedinn, ass bis elo net kloer. 

Ma et gëtt der e puer, déi hei wëllen op de Gas drécken. Dat hunn d'Diskussiounen an de leschten Deeg zu Bréissel gewisen. 

play_arrow Lauschteren