arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kaja Kallas hält US-Kritik un Europäescher Unioun fir net ubruecht

Sécherheetskonferenz

|
headphones

3 min

Kaja Kallas hält US-Kritik un Europäescher Unioun fir net ubruecht

Um leschten Dag vun der Münchener Sécherheetskonferenz sot d'EU-Baussebeoptraagte Kaja Kallas, et géif hir schwéier falen d'Reprochë vum amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio un der EU ze gleewen. Hien hat virun allem Kritik un der Klima- a Migratiounspolitik geäussert.

headphones

3 min

EU-Baussebeoptraagte Kaja Kallas | ©  EPA/RONALD WITTEK
EU-Baussebeoptraagte Kaja Kallas (Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Anescht wéi den US-Ausseminister Marco Rubio a senger Ried duegestallt hat, wier Europa net vun enger Massenimmigratioun bedrot, esou d‘EU-Baussepeotraagten. D‘Kaja Kallas huet weider gewarnt, Russland ze vill Muecht ze iwwerloossen, an d‘Stäerkt vun Europa betount. 

Am Mëttelpunkt vun den Diskussioune op der Münchener Sécherheetskonferenz stoungen déi transatlantesch Relatiounen tëschent Europa an den USA. Den US-Ausseminister Marco Rubio reest vu München weider an d‘Slowakei, wou hien de slowakesche Premier Robert Fico treffe wäert. Dobäi soll et ënnert anerem ëm d‘Zesummenaarbecht a Saachen Atomenergie goen.

Münchener Sécherheetskonferenz | © EPA/RONALD WITTEK
Münchener Sécherheetskonferenz (Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Um drëtten Dag geet d‘Münchener Sécherheetskonferenz haut um Sonndeg de Mëtteg op een Enn. Um Programm stinn nach Riede vun ënnert anerem der EU-Baussebeoptraagte Kaja Kallas an der Presidentin vun der europäescher Zentralbank Christine Lagarde.

De fréieren däitschen Diplomat Wolfgang Ischinger wäert d‘Konferenz offiziell clôturéieren. 

Iranesche Protestpiquet zu München 

Um Bord vun der Sécherheetskonferenz hunn iwwer 200.000 Leit géint den iranesch Regime demonstréiert. De Reza Pahlavi huet um Protestpiquet deelgeholl. De Jong vum gestierzten iranesche Schah war och en Invité op der Sécherheetskonferenz.