De fréieren Nationalspiller Manuel Cardoni ass teschnechen Dirketer bei der FLF. Hie këmmert sech ëm d’Ausbildung vun Talenter an der nationaler Fussballschoul zu Monnerech. Datt mëttlerweil ëmmer méi Lëtzebuerger Spiller am Ausland aktiv sinn, dat ass allgemeng bekannt. Ee groussen Undeel dorunner huet d’Fussballschoul, esou de Manuel Cardoni.
Aarbecht aus de leschte Joren dréit seng Friichten
Säi Pronostic: A 4 bis 5 Joer wäert all Spiller, deen am Kader vun der Nationalekipp steet, seng Ausbildung an der Fussballschoul gemaach hunn. Haut sinn et ronn 80 bis 90 Prozent. De Pool un Talenter wier do, esou den 69-fachen Nationalspiller. Virun allem duerch d’Immigratioun wier deen Talentpool ugeräichert ginn. D’Aufgab vun der Fussballschoul ass et dofir, dee Pool ze konzentréieren, ze filteren, an d’Talenter beschtméiglech auszebilden.

De Manuel Cardoni betount, datt et schonn ëmmer vill Talenter ginn hätt. Elo wier et awer méi einfach, dës och erauszefilteren. Dat duerch Spillreformen bei der U7 bis d’U13, enger groussugeluechtener Trainerausbildung, an d'Implementatioun vun enger eegener Philosophie a Methodik. D’Spille gëtt nees an den Zentrum vun der Iddi gestallt, seet de Manuel Cardoni. All dës Facteuren hätten dozou bäigedroen, datt d’Fussballschoul sech an de leschte 5 Joer “massiv verbessert” hätt.
Gescout gëtt ëmmer nach regional. Déi ganz jonk Spiller – U12 bis U13 – hunn dräimol d’Woch Training. Vun der U14 u sinn et véiermol d’Woch. D’Ausbildung geschitt also zum ganz groussen Deel an der Fussballschoul, an net an de Clibb, betount de Manuel Cardoni.
D'Fussballschoul wëll den auslännesche Veräiner keng Spiller ubidden
D’Fussballschoul ass och quasi den eenzege Wee, wéi jonk Fussballer de Wee an een auslännesche Centre de formation packe kënnen. Déi rezent Erfolleger vun der Nationalekipp, an och d’Leeschtunge vun den eenzelne Spiller wéi dem Leandro Barreiro, hunn d’Opmierksamkeet op de klenge Grand-Duché gezunn, esou den techneschen Direkter vun der FLF. “Den Niveau vun de Veräiner, déi sech fir d’Jongen intresséieren, ass fatzeg an d’Luucht gaangen”, seet de Manuel Cardoni.
Hie betount awer och, datt d’Fussballschoul net “mat der Schell ronderëm leeft fir nei Spiller unzebidden”. D’Jugendekippen huele vill un Turnéieren am Ausland Deel, wou Scoute vu ville verschiddene Clibb een Aen op d’Spiller kënne werfen.
Déi meescht Talenter zitt et an Däitschland. Dat wier keen Zoufall, esou de Manuel Cardoni. Franséisch Ekippen hu beispillsweis kee Besoin, Spiller aus dem Ausland ze Scouten. Elleng d’Île de France ass déi Regioun op der Welt, wou déi meeschte Fussballproffien hierkommen. Déi staark afrikanesch an nordafrikanesch Migratioun erweideren de franséischen Talentpool enorm, erkläert de fréieren Nationalspiller. Een änlecht Bild gëtt et an der Belsch.

D’Situatioun an Däitschland ass eng aner. Hei ginn et keng Banlieuen, an och de Fait, datt et dräi Proffiligae ginn, dréit zur Situatioun bäi. Dat bedeit nämlech, datt et vill Centre de formatione ginn, déi gefëllt musse ginn.
Keng Plaz fir déi jonk Lëtzebuerger an den nationale Championnater?
D’Potential fir déi nächste Jore beschreift de Manuel Cardoni als “enorm”. Déi gréisste Schwieregkeet bleift allerdéngs den Iwwergang vum Jugend- an de Seniorsberäich. Spiller tëschent 16 an 18 Joer an d’éischt Ekippen ze integréiere wier eppes, wou mat ee sech zu Lëtzebuerg dacks géing schwéier doen, seet de Manuel Cardoni.
"Mir hu vill ze vill Auslänner an de Championnater, bis an déi ënnescht Divisiounen erof."
D’Integratioun vu jonken, Lëtzebuerger Spiller an déi verschidde Seniorsekippe wier eppes, wat staark vernoléissegt géing ginn, kritiséiert den techneschen Direkter vun der FLF. Och wann déi bescht jonk Talenter de Wee an d’Ausland géinge sichen, sou wieren ëmmer nach vill Spiller, déi zu Lëtzebuerg eng Plaz an enger Ekipp bréichten. De Manuel Cardoni nennt d’Beispill vun den U17- an U19-Spiller aus der Fussballschoul.
"Eng 20 spillen am Ausland. Ronn 40 sinn der nach hei. Et ginn 100 Veräiner zu Lëtzebuerg. An de Veräiner sinn och nach Cadeten a Junioren. All Weekend si 700 Junioren, an 1.000 Cadeten ënnerwee. Déi mussen d’Méiglechkeet hunn, an eng éischt Ekipp eranzekommen. Dat si bal 1.800 Spiller pro zwee Joergäng."
Et wier ee sech bewosst, datt an deem Alter ee groussen “drop out” wier, well vill Jonker studéiere ginn, oder ganz mam Fussball ophalen. An awer weist sech de Manuel Cardoni onzefridden doriwwer, datt vill Jonker net an eng Ekipp integréiert ginn, an dat net just an der BGL League oder an der Éierepromotioun. “Ech hu bëssen d’Impressioun, datt ze vill Suen an d’Groussregioun gestach ginn”, esou nach de Manuel Cardoni.