Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz: Lëtzebuerg bréicht een Triple S fir eng gutt Sozialpolitik ze garantéieren

Nationalkongress CSV

Marc Spautz: Lëtzebuerg bréicht een Triple S fir eng gutt Sozialpolitik ze garantéieren

Et bräicht een nieft dem Triple A fir d’Finanzen an d’Wirtschaft och den Triple S fir eng Sozialpolitik am Land ze garantéieren. Dat huet den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz gëschter um Samschdeg um Kongress vun de Chrëschtsozialen zu Ettelbréck virun enge 450 Membere betount.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

play_arrow

De Marc Spautz huet a senger Ried gesot datt, "Verschiddenes him géif opstoussen." Esou zum Beispill, datt d’Fro vun der Sonndesaarbecht eenzel traitéiert gouf, an net an engem Pak zesumme mat der Reform vum Gesetz iwwer d’Kollektivverträg. Op allefalls ass hien dergéint, datt d’Sonndesaarbecht generaliséiert gëtt, esou ewéi d’Chamber des métiers dat an hirem Avis zum Gesetzprojet gefuerdert huet.

De Premier an och CSV-Parteipresident Luc Frieden huet sengersäits ënnerstrach, datt ee staarke Sozialstaat misst adaptéiert ginn. Dat misst am Aarbechtsrecht, mee och bei de Pensioune geschéien. Méi an den Detail ass de Luc Frieden zu de Pensiounen net gaangen. Grad ewéi d’Sozialministerin huet hie preziséiert, datt d’Regierung virum Summer konkret Moossnamen ëm d’Pensiounsreform géing presentéieren.

Déi international Situatioun huet awer och an de Rieden net gefeelt. Zu den Depensë fir d’Defense huet den Luc Frieden erkläert, datt dat net wäert iwwer eng Hausse vun de Steiere finanzéiert ginn.

 

Lauschterenplay_arrow