Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
search

/ Nei Nidderlag fir déi italieenesch Regierungscheffin Giorgia Meloni

Viru Geriicht

Nei Nidderlag fir déi italieenesch Regierungscheffin Giorgia Meloni

E Geriicht zu Roum huet elo decidéiert, datt siwe Migranten, déi an Albanien iwwerstallt goufen, nees mussen zeréck an Italien.

auto_stories

1 min

Goirgi Meloni Hand virum Mond | © picture alliance / Photoshot | -
Foto: picture alliance / Photoshot | -

D'Männer aus Bangladesch an Ägypte wollten an Italie flüchten. Dem Geriicht no muss hir Asylprozedur och do oflafen. D'Riichter hunn an engems den Europäesche Geriichtshaff convoquéiert fir dës Fro ze klären.