Radioen

On air

Vue sur mer  |  Alfie Templeman - Dirty Laundry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU Kommissioun proposéiert Lëscht vu “sécheren Hierkonftslänner”

EU-ASYLPROZEDUREN

EU Kommissioun proposéiert Lëscht vu “sécheren Hierkonftslänner”

Fir Länner op där Lëscht géifen acceleréiert Asylprozedure vu maximal dräi Méint gëllen. Bis elo sti siwe Länner drop, dorënner Tunesien, Ägypten a Marokko.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

EU-Parlament | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Dwi Anoraganingrum/Geisler-Fotop play_arrow
EU-Parlament (Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Dwi Anoraganingrum/Geisler-Fotop)

D’Europäesch Kommissioun proposéiert zwou Kategorië vu séchere Länner, fir déi acceleréiert Asylprozedure gëlle sollen.

EU-Kandidate-Länner gëllen d’office als “sécher”

Emol sinn dat Länner ewéi Serbien, Nordmazedonien oder Albanien, déi eng Demande gemaach hunn, fir Member vun der Europäescher Unioun ze ginn.

Fir si gëlle bestëmmte Konditiounen, ënnert deene si net als séchert Land gëllen, zum Beispill wann, wéi an der Ukrain Krich am Land ass, oder wa Sanktioune géint dat Land verhaange goufen.

Lëscht kann nach erweidert oder gekierzt ginn

Déi zweet Grupp sinn d’Länner, déi op enger extraer Lëscht vu sougenannte sécheren Hierkonftsstaate stinn. Hei huet d’Kommissioun an engem éischten Entworf siwe Länner drop gesat: Et sinn dat de Kosovo, Bangladesch, Kolumbien, Ägypten, Indie Marokko an Tunesien.

"Asylprozedure vu Leit aus deene séchere Länner gi méi séier traitéiert, an dierfe maximal 3 Méint daueren", sou e Mëttwoch de Spriecher vun der Kommissioun, de Markus Lammert.

Am Normalfall si fir déi Prozeduren am neien europäeschen Asylpak net dräi, mee sechs Méint virgesi.

Déi Lëscht ass net definitiv, si ka verlängert ginn, et kënnen och nees Länner erofgeholl ginn. Kloer ass, datt se - wa bis vun alle 27 EU-Länner genee ewéi vum Europaparlament ugeholl ass - iwwerall an der EU gëllt.

D’Länner kënnen awer zousätzlech eege Lëschte mat méi Länner opstellen.

Tierkei, Tunesien oder Ägypte géifen deemno och als “sécher” gëllen

D’Lëscht werft Froen ob - zum Beispill wat d’Tierkei ugeet - wat jo eng Kandidatur gestallt huet, fir an d’EU ze kommen an domat als “sécher gëllt”. D’Kommissioun geet dovun aus, datt een EU-Kandidateland am Prinzip d’Krittären erfëllt, fir ee séchert Land ze sinn, sou de Kommissiounsspriecher.

"Well déi Länner als Deel vun hirem Wee bis bei d’Memberschaft drop hi schaffe musse stabil Institutiounen opzebauen, déi Demokratie, Rechtsstaat, Mënscherechter an de Schutz vu Minoritéite garantéieren."

Ee Land wéi Tunesie gouf vun der Kommissioun op d’Lëscht gesat, obwuel international Rapporte vu massive Problemer mam Rechtsstaat oder der Meenungsfräiheet schwätzen. D’Äntwert dorop vum Kommissiounsspriecher.

"Mat den neie Reegele wëlle mer d’Prozedure méi séier maachen, net Grond- oder Mënscherechter beschneiden. D’Designatioun als séchert Land ass keng Sécherheetsgarantie fir all Bierger aus dem Land."

EU-Kommissioun: Individuell Prozeduren a Recht op Widdersproch bleiwen

Memberlänner misste weiderhin individuell Prozeduren duerchféieren, och d’Recht op Widdersproch géif erhale bleiwen, huet de Mëtteg eng weider Source aus der Kommissioun betount.

D’Kommissioun hofft, datt déi proposéiert Lëscht méi Kloerheet bréngt an de System méi séier an effikass mécht - och doduerch datt, secondaire Mouvementer bannent der EU vun demandeurs d’asyle verhënnert ginn.

Lauschterenplay_arrow