arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Reegele vun der EBU: Gewënnerland organiséiert net méi automatesch nächsten ESC

Eurovision Song Contest

|
reading time

1 min

Nei Reegele vun der EBU: Gewënnerland organiséiert net méi automatesch nächsten ESC

D'Gewënnerland vum ESC dierf de Museksconcours an Zukunft net méi organiséieren, wann en arméierte Konflikt oder eng ugespaante geopolitesch Situatioun d'Sécherheet oder d'Stabilitéit am Land oder an der direkter Regioun beanträchtegt. D’EBU huet haut entspriechend nei Regeele publizéiert.

reading time

1 min

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

Bis elo hat de Sender vum Gewënnerland prinzipiell d'Recht, de Concours am Joer drop ze organiséieren. Vun 2027 u kann d'Europäesch Rundfunkunioun EBU bei Sécherheetsbedenken eng onofhängeg Analys vun der Situatioun an Optrag ginn. Duerno gëtt zesumme mam zoustännege Reference Group decidéiert, ob de Gewënner de Concours sécher organiséiere kann.

Nei Reegele gëlle vun 2027 un

Ass dat net de Fall, sicht d'EBU en anere Sender, deen den ESC am eegene Land organiséiert an déi komplett Verantwortung dofir iwwerhëlt. D'Evenement gëtt also net am Numm vum eigentleche Gewënnerland organiséiert.

Zënter gutt dräi Joer ginn et ëmmer erëm Opriff, datt israel wéinst hirem Krich an der Gazasträif vum ESC ausgeschloss gëtt. Israel ass jo dëst an och d’lescht Joer nëmme knapp zweete ginn an der Finall vum ESC

Donieft gëtt de Mindestalter fir d'Artiste vun 2027 u vu 16 op 18 Joer eropgesat.

Och d'Reegele fir de Gesang goufe preziséiert. D'Haaptmelodie muss weider live gesonge ginn. Déi nei Reegele gëlle ab dem nächsten Eurovision Song Contest 2027 a Bulgarien.