Radioen

On air

Thé Dansant  |  Iggy Pop - Nightclubbing

play_arrow Live
search

/ Neie Budget a Groussbritannien: "E Versprieche gemaach an e Versprieche gehal"

Labour-Regierung

Neie Budget a Groussbritannien: "E Versprieche gemaach an e Versprieche gehal"

Déi nei Regierung a Groussbritannien huet gëschter um Mëttwoch hire Budget annoncéiert. Et ass deen éischte Budget vun der Labour Regierung a 14 Joer, an et ass och déi éischte Kéier an der brittescher Geschicht, datt eng Fra e presentéiert. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Finanzministerin Rachel Reeves huet den neie Budget presentéiert. (Foto: picture alliance / Photoshot)

Claire Barthelemy (London)

Et ass zimmlech héich hier gaang am House of Commons gëschter um Mëttwoch, wéi d'Finanzministerin Rachel Reeves den neie Budget virgestallt hat. Bei Steiererhéijungen am Wäert vu 40 Milliarde Pond war dat wuel och ze erwaarden. Wei versprach, sinn et d’Patronen, déi am meeschte vun de Steiererhéijunge getraff sinn.

"Keng Steiererhéijung um Paiziedel"

D’Sozialversécherungsbäiträg vun den Employeure ginn elo vun 13,8 Prozent op 15 Prozent erop. Och musse se dës Bäiträg schonn op Salairë vu 5.000 Pond bezuelen, amplaz vu bis elo 9.100 Pond. Hei ass ee grousst Raunen duerch d’Bänke vun der Oppositioun gaang. A Groussbritannie mussen Aarbechter an och Employeuren dës Bäiträg bezuelen, mee déi vun den Aarbechter bleiwen awer onverännert.

"Leit, déi schaffen, wäerten an hire Paiziedele keng Steiererhéijung gesinn, an dat ass e Resultat vun den Decisiounen, déi ech haut geholl hunn. Dëst ass ee Versprieche wat gemaach ginn ass, an e Versprieche wat agehal ginn ass", sou d’Rachel Reeves.

Den Ausdrock "a promise made and a promise kept" huet d’Rachel Reeves e puer Mol an hirer Ried benotzt, well d’Tories dëser Deeg oft behaapt hunn, Labour géife géint hiert eegent Manifest goen.

Gutt Nouvellë fir Béierdrénker

Weider Changementer si kräfteg Erhéijunge vun de Kapital Gewënnsteier vun Aktien an Immobilien, a Steieren op Flugpassagéier, déi a Privatjets ënnerwee sinn. Déi gi souguer 50 Prozent erop. De Mindestloun par contre geet bal 7 Prozent an d’Luucht.

Entreprisen a Patrone wäerten an de kommenden Deeg nach vill Kritik ausüben, mee bei der Annonce, datt d’Steier um Faass Béier 1,7 Prozent erof geet, ware se sech gëschter um Mëttwoch am House of Commons all eeneg.

Lauschterenplay_arrow