arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerkschaften: Neie Kollektivvertrag fir Salariée vun der Supermarchéschaînen Auchan

National

|
reading time

1 min

Gewerkschaften: Neie Kollektivvertrag fir Salariée vun der Supermarchéschaînen Auchan

Fir déi 1.200 Salariée vum Auchan hei am Land gëtt et en neie Kollektivvertrag: D’Gewerkschaften LCGB an OGBL hunn dee mat der Direktioun ënnerschriwwen. De Vertrag gesäit ënnert anerem Verbesserunge bei der Pai vu bis zu 50 Prozent vir, wa Samschdes oder um Dag virun engem Feierdag geschafft gëtt.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Och bei der Sonndesaarbecht hunn d'Gewerkschaften OGBL an LCGB mam franséische Grupp eng méi héisch Bezuelung negociéiert.

Déi Beschäftegt kënne bis zu 85 Prozent méi Pai kréie wann si op engem Sonndeg am Déngscht sinn. Zum Schluss vum Joer gëll et eng Prime vun 130 Euro, bei déi 40 Euro pro Kand bäikommen. 

De Kollektivvertrag gëllt réckwierkend op den 1. Mee a bis Enn Abrëll 2029.