Et hätt ee mat deem Pak e weidere Punkt aus dem Regierungsprogramm geliwwert, an et wier och un d’Locatairë geduecht ginn. Mam Crédit de location kréie Leit e Steierkredit, wa si eng Wunneng fir de Locatiounszweck schafen, erkläert de Gilles Roth.
Weider wier am Pakt och virgesinn, datt e Betrib, dee Wunnenge fir Salariéen zur Verfügung stellt, steierlech entlaascht gëtt.
Fir d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert feelt et allerdéngs un Ambitiounen. Et wiere bescheide Proposen, a si géif et ënner anerem kritesch gesinn, datt d’Entlaaschtunge vun de Loyeren iwwer d’Patrone lafe sollen, esou d’Paulette Lenert.