Dat neit Natur- an Aarteschutzgesetz géing keng Plus value fir d’Natur an d’Biodiversitéit bréngen - ganz am Géigendeel. Dat huet de Mouvement écologique virun der Press kritiséiert.
Déi geplangt Reform vum Ëmweltminister Serge Wilmes géing zwar eng Rei pauschal Léisungen ubidden - wéi d’Vereinfachung vun Autorisatiounsprozedure fir Bauprojete fir méi séier ze bauen. Mee esou géing d’Regierung net sécher stellen, datt d’Déierenaarten, gréng Flächen a Biodiversitéitselementer op de betraffenen Terrainen adäquat kompenséiert géife ginn.
Duerch eng Beschleunegung vun de Bauprozedure wier nämlech net genuch Zäit fir déi néideg Analysen dofir ze maachen, esou nach de Mouvement. D‘Ëmweltorganisatioun ass donieft der Meenung, datt de Gesetzesprojet contraire zu EU-Recht wier, betount de Fernand Schoos.
Iwwerdeems géif den Text net op wëssenschaftlechen Donnéeë baséieren. De Mouvement hätt beim Ministère sou Donnéeë gefrot, awer keng Äntwert kritt. Sollt d‘Reform esou duerchgoen, wëllt de Mouvement mat alle juristesche Mëttel dogéint virgoen.