D'Hamas hält nach ronn 100 Geisele gefaangen. Nieft där finanzieller Belounung huet de Netanjahu och versprach, datt déi Leit, déi Geisele fräiloossen, ouni Poursuitte mat hire Famillen an d'Ausland dierfte reesen.
Den israeelesche Premier hat an der Vergaangenheet änlech Offere gemaach, déi d'Hamas als Farce zeréckgewisen huet.