Aktuell sinn op der Nordstreck tëschent der Giewelsmillen a Kautebaach nees esou Aarbechten amgaang. Fir eng Fielswand direkt nieft de Gleiser ofzesécheren, ginn op ronn 15 Meter Héicht Netzer aus Metall installéiert, déi verhënnere sollen, datt sech Steng oder Stécker vum Fiels léisen an op d’Schinne falen. Well de Chantier schwéier zougänglech ass, kënnt dobäi en Helikopter an den Asaz.
Mat Helm, Sécherheetsgeschier a Seeler geséchert
Den Helikopter hëlt d'Netz op an transportéiert et bei déi ronn 300 Meter méi wäit geleeë Fielswand.
"On va travailler avec une élingue de 30 mètres et on va dérouler des filets sur la paroi. Tranquillement. On fait que transporter les filets. C'est la société Voltige qui va les installer."
Uewen um Fiels waarden d'Aarbechter vun der spezialiséierter Firma. Si schaffen am Optrag vun a mat der CFL un dësem Chantier. D'Entreprise ass op Aarbechten a schwéier zougängleche Fielsberäicher speziliséiert. Mat Helm, Sécherheetsgeschier a Seeler geséchert, iwwerhuelen d'Aarbechter d'Netz vum Helikopter a fixéieren et un der Wand.
Ronn 200 Lächer goufen an de Fiels gebuert
Ier den Helikopter awer iwwerhaapt zum Asaz kënnt, hat d’CFL schonn e groussen Deel vun den Aarbechte gemaach. Ronn 200 Lächer goufen an de Fiels gebuert, an déi passend Ancragen duerno mat Bëtong am Fiels fixéiert. Déi meescht ginn zwee Meter déif an de Fiels, erkläert den Tim Wildanger, Surveillant en environnement naturel bei der CFL.
"Mir hunn ugefaange mat de Buerungen. Do hate mir eng Rail-route, déi huet elo net grad zwou Wochen hei geschafft, fir d'Buerungen ze maachen."
Op verschidde Plazen hätt ee missen zwee Meter déif Buerunge maachen, erkläert den Tim Wildanger.
"Duerno hu mir d’Ancragen all dra gesat, de Bëtong gouf eragesprëtzt, an elo war et dann um Helikopter, fir de Filet eriwwer ze zéien, an da gëtt dee festgemaach, de Rescht vun der Woch."
Netzer kënne Bléck bis zu 200 Liter aushalen
Déi Verankerunge sinn dono d’Fixpunkte fir d’Metallnetzer. Déi ginn esou stramm wéi méiglech un de Fiels gezunn. Wa sech also e Steen oder e méi grousse Block léist, soll en net bis op d’Gleise kommen, erkläert den Tim Wildanger.
"D'Netz hält op de Meter Zuchkraaft 5,5 Tonnen aus, a wann et fest um Fiels läit, hält et am Fong e Block bis zu 200 Liter aus."
D’Aarbechten um Fiels maachen extern Spezialisten, déi dofir ausgebilt sinn, sech un de Fielswänn ofzeseelen. E Risiko null gëtt et dobäi net, seet d’CFL. Virun allem beim Helikopter-Asaz muss all Handgrëff sëtzen. De Grégoire Collignon vun der Spezialfirma beschreift den Helikopter dofir als eng Zort fléiende Kran.
"Tous les travaux doivent être précis, organisés. Ici, on va être sur une phase qui est un peu plus impressionnante. Après c’est du levage, c’est comme une grue volante, il faut imaginer. Donc là, il faut être un petit peu plus affûté, on va dire, ça va très vite."
D’Fielssécherung ass dobäi keng Reaktioun op ee rezente Virfall, mee e preventiven Entretien. D’CFL ginn d’Streck reegelméisseg zu Fouss of a kontrolléieren, wéi sech de Fiels entwéckelt. Wann Anomalien opfalen, ginn zousätzlech Etüde gemaach an Aarbechte geplangt.
D’Netzer sollen op d’mannst ronn 25 Joer halen a ginn och duerno bei den Tournéeë reegelméisseg kontrolléiert. Wa sech ze vill Gestengs hannendrun sammelt, gi se gebotzt.
No ronn enger Stonn huet den Helikopter seng Aarbecht ofgeschloss. All 37 Netzer sinn do ukomm, wou se gebraucht ginn.
Bis e Freideg wëllen d’CFL mat dësem Chantier fäerdeg sinn. De Weekend bleift nach als Reserv. Vum Méindeg u sollen d’Zich hei nees fueren.