arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Niddregwaasser: Pëtrols-Depot vum Mäerterter Hafe gëtt net méi per Schëff ugefuer

National

|
reading time

2 min

Niddregwaasser: Pëtrols-Depot vum Mäerterter Hafe gëtt net méi per Schëff ugefuer

Wéinst der aktueller Dréchent an dem nidderege Waasserpeegel um Rhäin kéint de Pëtrols-Depot vum Mäerterter Hafen am Moment guer net méi vu Schëffer beliwwert ginn, erkläert den Eric Bleyer, President vum Tankstelleverband op eis Nofro hin. Dat lescht Schëff wier viru gutt zwou Wochen erakomm.

reading time

2 min

© Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView
(Foto: Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView)

De Secteur muss dowéinst mat alternative Moyene seng Depoten a seng Tankstelle befëllen. Dat virun allem mat Zich a Camionen. Doduerch géifen sech d’Liwwerkette verlängeren, wat virun e puer Woche schonn zu Enkpäss op zéng Tankstellen hei am Land gefouert hat. Dem Eric Bleyer no hätt sech d’Situatioun awer agependelt. 

"All Acteur huet seng Liwwerketten ugepasst an huet säi Rhythmus fonnt."

D'Situatioun wier awer nach ëmmer ganz komplizéiert. D'Liwwerzäite géifen duerch déi alternativ Liwwerkette méi laang ginn. Déi alternativ Transportweeër, dat heescht d'Schinn oder Strooss, wieren och vill méi deier. 

Risiko datt fir e puer Stonne Pëtrol feelt 

Et géif den Ament keng Penurie ginn, mee et kéint awer ëmmer erëm virkommen, datt déi eng oder déi aner Tankstellen ee Produit net huet, fir e puer Stonnen. 

"Mee dat ass wierklech kuerzzäiteg. Voilà, a just e Spot op enger Tankstelle."

Momentan ass de Rhäin wéinst der Dréchent op dem niddregste Stand jeemools. An enger Question Parlamentaire hat den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles confirméiert, datt zéng Tankstellen en Rupture de Stock waren, an datt dëst wéinst de laange Liwwerkette weiderhi geschéie kéint.