D‘FGFC begréisst, datt d‘Conciliatioun endlech ufänkt, hannerfreet awer déi aussergewéinlech laang Waardezäit. Dat wier eng Zoumuddung fir all déi betraffe Leit, déi elo iwwert en halleft Joer drop waarden, fir endlech Kloerheet ze kréien, zum Beispill fir hir Congéen, den Déngschtplang a sou weider ze organiséieren.
Generell bedauert d‘FGFC och, datt et iwwerhaapt eng Conciliatioun huet misste ginn, déi Froen, déi d‘Personal betreffen, hätten och kënnen am Sozialdialog geléist ginn. D‘FGFC géif bei hire Fuerderunge bleiwen, fir d‘Aarbechtskonditioune beim TICE ze verbesseren.