Radioen

On air

Notturno  |  Wild Beasts - Sweet Spot

play_arrow Live
search

/ Debatt no Aussepolitescher Deklaratioun: Hëllef un d'Ukrain ouni USA gëtt schwiereg

Chamber

Debatt no Aussepolitescher Deklaratioun: Hëllef un d'Ukrain ouni USA gëtt schwiereg

Déi international Situatioun ass no der Wal vum Donald Trump an den USA méi ongewëss ginn, huet et gëschter um Mëttwoch an der Chamber wärend der Debatt ëm d’Aussepolitik geheescht. D’Sécherheet an Europa an de Kampf vun der Ukrain géint déi russesch Aggressioun hänke vill vun der zukünfteger US-amerikanescher Politik of, hunn déi meescht Riedner an der Chamber ënnerstrach.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Souwuel den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet, ewéi och d’DP an LSAP Deputéiert Gusty Graas a Yves Cruchten, waren der Meenung, datt d’Ukrain dee Krich net dierf verléieren, an datt een dem Land weider Hëllef muss garantéieren. Allerdéngs géif dat ouni eng US-amerikanesch Ënnerstëtzung schwiereg ginn, esou den Yves Cruchten.

"D’Finanzhëllef, humanitär a militär Hëllefen am Wäert vun iwwert 70 Milliarden hunn d’Amerikaner den Ukrainer ginn. D’EU ass mat gutt 40 Milliarden derbäi, woubäi dat just d’Finanzmëttel an déi humanitär Hëllef ass. Hei besteet Onsécherheet, wéi d’Hëllefe vum Westen un d’Ukrain d’nächst Joer wäerten ausgesinn."

D’US-Wale wieren an den Ae vun der Grénger Deputéiert Sam Tanson ee Realitéitscheck fir Europa. Si gesäit 5 Erausfuerderungen.

"Eis Verdeedegung, eise sozialen Zesummenhalt, eis wirtschaftlech Situatioun, eis Handlungsfäegkeet a Gouvernance, eise gemeinsame Kampf fir de Schutz vun eiser Natur an eisem Planéit."

ADR wëll Verhandlunge mat Russland

Den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup sengersäits huet fir Verhandlunge mat Russland plädéiert. Op d’Fro vum Gusty Graas, ob hien der Meenung ass, d’Ukrain misst deen Ament op een Deel vu sengem Territoire verzichten, huet de Fred Keup net kloer geäntwert.

"Ech mengen, mir hunn ëmmer gesot, et misst esou séier ewéi méiglech verhandelt gi fir sou wäit ewéi méiglech den Territoire vun der Ukrain ze preservéieren. Am Endeffekt si mir souwisou net déi, déi déi Verhandlunge wäerte féieren, mee d’Ukrain un éischter Stell."

Zu de Verhandlungen tëscht der Ukrain a Russland wërft den David Wagner, Deputéiert vun déi Lénk, déi Fro op.

"D’Fro, déi mir eis ëmmer gestallt hunn, ass, ab wéini soll verhandelt ginn, an natierlech op wat fir enger Basis, wou den Agresséierten – also an deem Fall d’Ukrain – natierlech net de Kierzeren zitt, well den Aggresseur dierf jo net fir seng Aggressioun belount ginn."

D’Fro wier, ob keng Geleeënheete verpasst goufen, wou d’Ukrain an enger favorabeler Positioun verhandele konnt, esou nach den David Wagener?

Mam Donald Trump als US-President géif et warscheinlech keng Léisung um Verhandlungsdësch ginn, fäert den CSV-Deputéierten Laurent Zeimet, dee gemengt huet, d'Virstellunge vum neien US-President géife sech éischter no engem Diktat unhéieren, fir d’Ukrain, mee schlussendlech och fir d’Europäesch Unioun. 

Lauschterenplay_arrow