arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No AfD-Victoire: Luc Frieden bedauert Walresultat a Sachsen-Anhalt

Wal a Sachsen-Anhalt

|
reading time

2 min

No AfD-Victoire: Luc Frieden bedauert Walresultat a Sachsen-Anhalt

De Premier Luc Frieden huet um Bord vu senger Visitt zu Singapur d’Walresultat vu Sachsen-Anhalt kommentéiert. Et wier eng regional Wal an dat wier ëmmer schwiereg ze kommentéieren, well et ëmmer lokal Ursaachen dofir ginn. Natierlech géif hien et ëmmer bedaueren, wann Extremiste Wale gewannen.

reading time

2 min

© EPA/FILIP SINGER
(Foto: EPA/FILIP SINGER)

Extremismus wier ni d’Léisung fir Problemer, déi sech an enger Gesellschaft stellen, esou de Luc Frieden.

"Ech hoffen, datt d'politesch Mëtt an Däitschland wéi och op aner Plaze ka Léisunge fannen, déi e groussen Deel vun der Bevëlkerung als raisonabel ugesäit fir d'Zukunft vun deem Land. Et wäert sécherlech och d'Regéieren an Däitschland duerch déi federal Struktur, déi Däitschland huet, net méi einfach maachen."

Elo misst een an den nächste Woche gesinn, wéi eng Majoritéit a Sachsen-Anhalt zustane kënnt, esou nach de Luc Frieden. Extremismus wier allerdéngs ni gutt fir kee Land, esou nach den CSV-Premier.

LSAP schwätzt vun engem Rass duerch d'Gesellschaft

D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding schwätzt vun engem "dramateschen, historesche Moment". Et wier een Alarmsignal. Wann eng rietsextreem Partei bal 44 Prozent vun de Stëmme kritt, da wier dat méi wéi eng Protestwal, ënnersträicht si. 

Dat, wat gëschter a Sachsen-Anhalt geschitt ass, wier keen Ausrutscher méi: Et géif weisen, wéi déif de Rass duerch d’Gesellschaft géif goen.

"Wat ech extreem frappant fannen ass, datt d’AfD bei den Aarbechter extreem staark ginn ass, an datt si et wierklech fäerdeg bruecht huet, déi Leit op hir Säit ze zéien, déi sech vun der Politik net méi (...) eescht gespiert fillen. Dat muss grad eis Sozialistinnen a Sozialisten ze denke ginn."

AfD eng Orientatioun fir d'ADR?

D’LSAP-Fraktiounscheffin seet och, datt d’ADR sech un deem géif orientéieren, wat d’AfD an Däitschland mécht. Et géife vill Parole ginn, déi d’ADR vun der AfD géif iwwerhuelen, zum Beispill an der Klimadiskussioun.

"Ech denke schonn, datt den ADR dovu wäert profitéieren, op d’mannst versicht sech nach méi e radikalen Discours vun der AfD unzëeegnen"

Och déi grouss Parteie misste sech nach méi a Fro stellen, betount d’Taina Bofferding.