arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Attack op saudesch Pëtrol-Pipeline: Irak mécht 3 Grenziwwergäng mam Iran nees op

Noen Osten

|
reading time

1 min

No Attack op saudesch Pëtrol-Pipeline: Irak mécht 3 Grenziwwergäng mam Iran nees op

Den Irak wëllt dräi Grenziwwergäng mam Iran no an no nees opmaachen. Si waren nom Dronenugrëff op eng wichteg saudesch Pëtrols-Pipeline zougemaach ginn.

reading time

1 min

© picture alliance / Zoonar | Aleksey Butenkov
(Foto: picture alliance / Zoonar | Aleksey Butenkov)
D'Grenziwwergäng solle bis en Donneschdeg nees fir Persounen a Wueren opgoen. Gläichzäiteg wëllt Bagdad seng Geheimdéngschtaktivitéite verstäerken, fir Sécherheetslacunnen ze identifizéieren.
 
Wien hanner der Attack op déi saudesch Pipeline stécht ass nach ëmmer net gekläert. Pro-iranesch Milizen am Irak hunn dementéiert, dofir responsabel ze sinn.