Déi zwee Verdächteg vu 27 respektiv 24 Joer – zwee profesionell Basket-Spiller – waren haut beim Untersuchungsriichter, confirméiert de Parquet.
Eng Instructioun wéinst Mord-Versuch oder Kierperverletzung gouf opgemaach.
Bei der Messerpickerei gëschter Moie fréi virun enger Disko um Lampertsbierg waren dräi Persoune blesséiert ginn.
De Sträit an d‘Messerpickerei waren um 4:45 Auer um Sonndegmoien an engem Lokal an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg. Zwee Leit goufe mat engem Messer blesséiert. Duerno gouf nach eng drëtt Persoun verwonnt. Déi zwee Verdächteg ware fortgelaf, mee konnten op Grond vu Foto- a Videoopnamen zu Chrëschtnech vun der Police festgeholl ginn.