D'Police geet entretemps vun engem Eenzeltäter aus. D‘Police wéilt am Laf vum Dag weider Detailer nennen. Et géif an all Richtungen enquêtéiert ginn.
Eng 22 Joer al Italieenerin ass bei der Schéisserei gestuerwen. Véier Persoune goufe blesséiert. Se wieren all ausser Liewensgefor, esou eng Policespriecherin.